Dëse Weekend ass op den Autobunne besonnesch vill Gedold gefrot

© AFP Symbolbild
Mir si matten an der Vakanzesaison an de Reestrafic geet net just a Richtung Süden. Lo kënnt nach dobäi, dass vill Leit schonn nees um Heemwee sinn.
Den däitschen ADAC erwaart fir de kommende Weekend, dass nees eng méi lass ass op de Stroossen uechter Europa. Net just, dass déi eng nach an d'Vakanz fueren, fir munch een ass se schonn eriwwer an d'Heemrees gëtt ugetrueden. Deementspriechend wäert och de Reestrafic verlafen an et wäert op den europäeschen Autobunne fatzeg stauen.
An de Bundeslänner Hessen, Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz an Deeler vun Holland geet d'Vakanzesaison op en Enn. Et ass also ze hoffen, dass den Trafic a Richtung Vakanzendestinatiounen e bësse manner schro verleeft. Vun Däitschland aus wäerten a Richtung Bierger, respektiv Mier virun allem Leit aus Baden-Württemberg a Bayern ënnerwee sinn. Do fänkt nämlech déi drëtt Vakanzewoch un.
Op ville wichtegen Autobunnsstrecke si Chantiere gemellt an haaptsächlech kënnt et dowéinst och zu Stau. Den ADAC recommandéiert sech méi flexibel Reesdaten erauszesichen, zum Beispill an der Woch - dënschdes oder mëttwochs sinn do am beschten.
Da sollt een nach deen een oder aner Feierdag am Kapp behalen a sech net onbedéngt op esou engem Dag op de Wee maachen. Esou zum Beispill de 15. August, dee besonnesch an Italien wäert fir Chaos op de Stroosse suergen. Traditionell ass de Weekend virum Feierdag Ferragosto dat ganzt Land ënnerwee un d'Mier.
Zu de gréisste Problemstrecken am Ausland zielen ënner anerem Tauern-, Inntal-, Rheintal-, Fernpass-, Brenner-, Karawanken- an d'Gotthard-Route souwéi sämtlech Landstroossen un d'italieenesch, franséisch a kroatesch Küsten. Vun Zéifloss muss een awer och nach a Skandinavien, Polen oder nach an Holland ausgoen.
Wou staut et - Wou fënnt een Infoen?
Frankräich - Bison futé
Däitschland - ADAC
Éisträich - ÖAMTC
Schwäiz - TCS
Kroatien - HAK
Wéi eng Strecke sinn (deels) gespaart?
An Éisträich ass de wichtegen Arlbergtunnel wärend der kompletter Reessaison gespaart an et muss een iwwer den Arlbergpass fueren. Duerch de gespaarten Arlbergtunnel gëtt och ronderëm d'Schwäiz mat nach méi Reestrafic gerechent.
Zu Tirol sinn allkéiers op de Weekender a Feierdeeg bis Oktober Staue virprogramméiert, dat well wichteg Auswäichstrecke laanscht wichteg Achse gespaart sinn. D'Vakanzendestinatiounen iwwer den Zirler Berg (B177) an Triol ass wéinst Aarbechte bis de 15. August a béid Direktiounen nëmmen op enger Spuer befuerbar. Op der Tauernautobunn ginn et eng sëllege gespaarte Sortien.
Erliichterung kann een dann awer an den Tunnelkette Golling - Werfen erwaarden. Do ass no méintelaange Chantiere Paus ugesot.
An der Schwäiz sinn no schroe Wiederen nach ëmmer d'Connexioune Thusis a Bellizona gespaart. D'A13-San-Bernardino-Route ass nees eespuereg a béid Richtungen op. D'Staugefor do bleift awer weiderhi grouss.
Grenzkontrollen
Un den däitsche Grenze gehéiere Grenzkontrolle jo scho quasi zum Alldag. Haaptsächlech sinn awer d'Grenzen zu Éisträich viséiert, ma och un de Grenzen zu Polen, Tschechien a Schwäiz gëtt verstäerkt kontrolléiert. Do muss ee mat Retarde vun 30 bis 60 Minutte rechnen. Nach méi Retard muss een allerdéngs aplangen, wann een an oder och aus Griichenland an der Tierkei reest.
Wéinst den Olympesche Spiller ginn et zousätzlech nach Grenzkontrollen an déi dauere bis den 30. September.

© AFP