Wisou dierfe Verkéiersspigelen net méi installéiert ginn?

© Pixabay
Verkéiersspigelen däerfen net méi nei opgestallt ginn, existent Spigele ginn allerdéngs net ersat, awer och net ewech geholl.
D'Pirate wollten an enger parlamentarescher Fro un d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes wëssen, wat d'Grënn dofir sinn a wat méiglech Alternative sinn, fir d'Sécherheet op Kräizungen ze garantéieren.
All eenzel Ufro fir Verkéiersspigelen zum Beispill op oniwwersiichtleche Kräizungen z'installéieren, géif an engem Aarbechtsgrupp vun der staatlecher Verkéierskommissioun analyséiert ginn, preziséiert d'Mobilitéitsministesch. Wann et sech ëm Staatsstroossen handelt, wier och Ponts et chaussées an d'Analys mat agebonnen.
D'Yuriko Backes erkläert, datt esou Spigele just en place géife gesat ginn, wann et wierklech soss keng Méiglechkeet géif ginn, fir d'Visibilitéit ze verbesseren. Alternativ Léisunge wieren do zum Beispill Hecken oder Parkplazen ewechzehuelen, fir d'Siicht z'amelioréieren.
D'Nodeeler vu Verkéiersspigele wieren déi, datt et schwéier wier, d'Vitess an d'Distanz, vun de Gefierer, déi een an dëse gesäit, ze erkennen. Dobäi kéim, datt d'Spigelen net all déi nämmlecht optesch Verzerrungen hätten, an et domat fir d'Automobilisten nach méi schwéier wier, d'Distanzen anzeschätzen. Et géif zwar Fall fir Fall analyséiert ginn, ob e Spigel zu enger Verbesserung vun der Siicht bäidréit, ma allgemeng wéilt een dem Automobilisten kee falscht Gefill vu Sécherheet vermëttelen.
Wat d'Spigelen ugeet, déi an der Vergaangenheet installéiert goufen, géifen dës der Ministesch no net automatesch ewechgeholl ginn. Wann et Ännerungen op deene Plaze géife ginn, géing d'Situatioun nei analyséiert an dann eventuell de Spigel ewechgeholl ginn. Nei Stroosse géifen iwwerdeems esou geplangt ginn, datt vu vir era genuch Visibilitéit do ass, an esou e Verkéiersspigel guer net néideg wier, preziséiert d'Yuriko Backes nach.