Wéinst Problemer mam Bremssystem rifft BMW weltwäit 1,5 Millioune Gefierer zeréck a rechent dowéinst dëst Joer mat manner Gewënn.

Et bräicht technesch Mesuren un dësem Bremssystem, dee vun engem externe Fournisseur kënnt, heescht et vu BMW. Den Autosconstructeur rechent dowéinst mat zousätzleche Käschten am héijen dräistellege Milliouneberäich. Derbäi kënnt déi weider schwaach Demande aus China. Béid Facteure féieren dozou, dass de Betrib mat zolitten Abousse rechent. Och d‘Zuel vun den geliwwerten Autoe wäert dëst Joer liicht zeréckgoen am Verglach zu zejoert.