Wéi d'CFL matgedeelt haten, war et e Méindegnomëtteg op der Ettelbrécker Gare zu engem Virfall komm, wéinst deem d'Pompjeeën an d'Police am Asaz waren.

Wéi de Spriecher vum CGDIS, de Cédric Gantzer, RTL op Nofro hi confirméiert, war op der Gare zu Ettelbréck eng Persoun ënnert den Zuch geroden. Wéi et heescht, soll et en Accident gewiescht sinn. Kuerz virun 19 Auer huet de CGDIS-Spriecher matgedeelt, datt déi blesséiert Persoun mat der Hëllef vum Samu konnt gerett ginn an an d'Spidol gefouert gouf.

Géint 18.40 Auer hunn d'CFL iwwerdeem matgedeelt, datt den Zuchtrafic nees lues opgeholl gëtt. Et kéint awer nach zu Verspéidungen an Annulatioune kommen.

D'Passagéier sinn opgeruff, sech op der App oder um Site vun den CFL iwwer d'Horairen z'informéieren.