30. Anniversaire vum Centre de Formation pour Conducteurs“Déi éischt Schüler hate keen ABS a keen ESP”

Diana Hoffmann
Zanter 30 Joer léieren zu Colmar-Bierg all Joer dausende Chaufferen, wéi si a kritesche Situatioune richteg reagéieren.
30. Anniversaire vum Centre de Formation pour Conducteurs
Zanter 30 Joer léieren zu Colmar-Bierg all Joer dausende Chaufferen, wéi si a kritesche Situatioune richteg reagéieren.

Wéi de Centre de Formation pour Conducteurs (CFC) seng Dieren 1996 opgemaach huet, stoung virun allem d'Beherrsche vum Gefier am Mëttelpunkt. Deemools ware Sujete wéi d'Oflenkung duerch den Handy an Assistenzsystemer nach net ginn. “Déi éischt Schüler, déi bei eis komm sinn, haten al Occasiounen,... déi hate keen ABS, keen ESP”, erënnert sech de Marc Pannacci, deen iwwer 20 Joer Direkter vum Centre de Formation war. Zanterhier wier onheemlech vill passéiert. D'Gesetzgebung hätt geännert an och d'Vitesslimitatiounen. Et géingen nei Stroossen an nei Autobunne ginn.

Awer och d'Astellung vun deene Jonken hätt sech geännert. “Déi Zäit wollte mir alleguerten nach mat 18 Joer eise Führerschäi fir eis Fräiheet ze kréien”, seet hien. Mä lues a lues wier den ëffentlechen Transport besser ginn, iergendwann dann och nach gratis. Déi Jonk hätte bemol gesinn, dass se och ouni hiren Auto, mat Late-Night-Busser op Baler kéimen.

Op Auto, Motorrad oder Camion: Am Centre de Formation pour Conducteurs ka jiddereen nach eppes bäiléieren.
Op Auto, Motorrad oder Camion: Am Centre de Formation pour Conducteurs ka jiddereen nach eppes bäiléieren.
© Diana Hoffmann

Mä net just d'Participanten hu sech an de leschte Joerzéngte verännert. Och de Centre de Formation huet sech weiderentwéckelt. D'Zuel vun de Leit, déi do passéieren, huet sech verduebelt. Dëst awer eben och wéinst enger méi grousser Offer. Ugefaangen hat een zu Colmer-Bierg mat der Formatioun fir Leit, déi hire Führerschäin nei haten. Wou de Punkteführerschäin agefouert gouf, konnten d'Chauffeuren och dohinner goen, fir Punkten zréckzekréien. “Dono hu mer d'Formatioune fir d'Camions- a Buschauffere gemaach. D'Grondausbildung an d'Weiderbildung. Do hu mer mussen hei, zu Colmer-Bierg, en Ausbau maachen an zu Suessem en zweeten Zenter bauen”, erzielt de Marc Pannacci.

Eng Zort vu Coursen ass dann an de leschte Jore besonnesch populär ginn. “Zanter dass den Handy hannert dem Steier elo 4 Punkte kascht, also vun 2 op 4 Punkten eropgaangen ass, huet sech den Undrang fir déi Coursë verduebelt”, seet den Eric Mathias, deen zanter 6 Joer Direkter vum Centre de Formation pour Conducteurs ass. Déi Offer géing also gutt ugeholl ginn.

Op Auto, Motorrad oder Camion: Am Centre de Formation pour Conducteurs ka jiddereen nach eppes bäiléieren.
Op Auto, Motorrad oder Camion: Am Centre de Formation pour Conducteurs ka jiddereen nach eppes bäiléieren.
© Diana Hoffmann

D'Oflenkung um Steier géing dann nach ëmmer vu ville Leit ënnerschat ginn. Dobäi zielen d'Manipulatioun vum Handy oder vun den digital Bildschiermer am Auto wärend der Faart zu den heefege Facteuren, déi zu Accidenter féieren. “Eppes wat mer ëmmer nees constatéieren: Wann d'Leit ze séier fueren, wa se mat Alkohol am Blutt fueren, och Distraktioun, wéi op den Handy kucken - dat sinn nach ëmmer Ursaachen, déi zu Accidenter féieren”, ënnersträicht d'Transportministesch Yuriko Backes op der Feier vum CFC.

Zanter 30 Joer gëtt am Centre de Formation an deem Sënn enseignéiert, fir d'Chauffeuren zum Nodenken ze bréngen an d'Stroossen esou e Stéck méi sécher ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO