Vëlosbréck Cents-Weimeschhaff iwwer 60 Prozent méi deier wéi geplangt
Den Devis fir d'Vëlos- a Foussgängerbréck war 2021 am Stater Gemengerot gestëmmt ginn. D'Käschte sinn awer staark an d'Luucht gaangen.
Fir déi onendlech Geschicht vun der Vëlos- a Foussgängerbréck vum Weimeschhaff op den Cents schéngt elo en Enn a Siicht. De Projet wäert awer mat 40,1 Milliounen Euro ëm 16 Milliounen Euro méi deier ginn, wéi beim Vott vum Devis am Gemengerot virun 3 Joer gestëmmt gi war.
D’Präishausse vu 16 Milliounen Euro bannent 3 Joer erkläert sech majoritär duerch d’Augmentatioun vun de Präisser vun de Matières premieren. Bei 12,5 Millioune géing et sech ëm Augmentations legales handelen, huet e Méinden de Finanzschäffe Laurent Mosar (CSV) am Stater Gemengerot erkläert. D’Material, dorënner de Stol, wier méi deier ginn. Antëscht wieren och e puer Indexe erfall. Doriwwer eraus wieren d’Honorairen ëm 1 Millioun Euro an d’Luucht gaangen. Elleng de Lift aus Neiduerf erop op d’Bréck wier zum Beispill elo mat 4,5 Millioune bal dräi Mol esou deier wéi deemools geplangt, huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) erkläert. 2,5 Millioune sinn da méi fir d’Optimisatioun vum Projet an de Renforcement vun de Strukture virgesinn.
E Méindeg gouf am Stater Gemengerot de rectifiéierten Devis an Héicht vu 40,1 Millioun Euro gestëmmt. D’Majoritéit vun der Oppositioun huet den Devis awer net matgestëmmt. D’LSAP an déi Lénk hu sech enthalen. D’ADR huet dogéint gestëmmt.
D’Bréck wäert 200 Meter laang ginn a 6 Meter breet. Fir de Projet ass en Zäitplang vun 3 Joer virgesinn. Lass goe sollen d’Bauaarbechten am Fréijoer. "Et ass alles prett. D’Baugeneemegung läit do", huet sech d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer zouversiichtlech gewisen. Allerdéngs géing nach e Recours géint d’Gemeng vun Awunner aus dem Neiduerf lafen, déi d’Bréck net esou gär géinge gesinn. E Baustopp wier awer net gefrot ginn.
Dëse Recours d’annulation géint d’Decisioun fir de Bau vun der Bréck gouf viru 6 Méint vum Syndicat d’interêts locaux Neiduerf a bal 50 concernéierte Leit um Verwaltungsgeriicht deponéiert. "Dat op der Basis, dass hei de ganze Quartier verschandelt gëtt, wann déi Bréck do gebaut gëtt", huet de Roger Braun, President vum Syndicat d’interêts locaux Neiduerf gemengt. D’Natur géing futti gemaach ginn an den Notze vun esou enger Bréck wier net do.
D'selwecht gesäit dat d’Danielle Castellaneta-Metzeler, Vizepresidentin vum Syndicat. Wann ee géing de Bësch futti maachen, an dann den Hang mat Bëton opfëllt, géing et am Summer op där Plaz extrem waarm ginn, fäert si. Et bräicht ee keng Bréck ënnen am Neiduerf. An e puer Minutte wier ee schliisslech mam Bus an der Stad, an och d’Plaz wier falsch gewielt.
Éischt Aarbechten fir d’Bréck hu schonn ugefaangen. Eng ganz Partie Beem goufe gefält. Och um Weimeschhaff nieft dem Kierchbierg. Hei hänkt och d’Baugeneemegung schonn zanter dem Ufank vum Joer. Den Impakt soll awer esou kleng wéi méiglech gehale ginn. "Op dëser Säit ënnen, do wou fréier d’Spillschoul war, do kënnt dee grousse Peiler mat dem Lift dobäi. Dat ass alles, wat op dës Säit kënnt. An déi aner Säit, déi Säit vum Cents, ass just ee Peiler an der Mëtt vun dem Hiwwel, dee wäert installéiert ginn", huet d’Lydie Polfer en Dënschden op der Plaz erkläert.
Trotz de Kriticken: "Déi Bréck gëtt gebaut", seet si. Dat 18 Joer, nodeems de Projet vun der Vëlosbréck fir d’éischt Kéier diskutéiert ginn ass. Nodeems iwwert d’Jore verschidde Variante gekuckt goufen, d'Finanzkris a Pandemie dotëscht komm sinn, soll et elo am Fréijoer 2025 lassgoen.