Vun Dezember dëst Joer u wäerten d'TICE-Busser net méi fir de Schülertransport am Asaz sinn.

Dës Decisioun huet de Büro vum Minetter Bus-Syndikat zesumme mat de Responsabelen aus dem Mobilitéitsministère geholl. Deemno wäert den RGTR den Transport vun de Schüler vu Januar d'nächst Joer un iwwerhuelen.
 
Dat confirméiert de Ministère e Méindeg den Owend an engem Schreiwes, an deem och drop verwise gëtt, datt d'Informatioun iwwert Schafe vun engem  neie "Syndicat mixte", sou wéi et d'Tageblatt gemellt hat, net fondéiert wier. Deemno géif egal wéi de Statut vum Gemenge-Fonctionnaire bei allen TICE-Salariéë bestoe bleiwen.

Aktuell an zanter zwee Joer gëtt iwwert déi nei Konventioun tëscht dem TICE an dem Staat verhandelt. All Fuitten zu dësem Ament géifen der Serenitéit vun den Diskussiounen schueden, sou de Ministère vun der Yuriko Backes weider.

Dem Tageblatt no soll an där neier Konventioun d'aktuell Flott vun den TICE-Busser op 90 Gefierer limitéiert ginn - dëst wiere 60 Bussen manner wéi elo. D'Zuel vun Chaufferen soll bei maximal 330 Leit leien.
 
Den interkommunalen TICE-Bussyndikat gëtt et zanter bal 120 Joer. Aktuell sinn néng Minett-Gemengen Member, déi mat ronn 30 Milliounen Euro zum TICE-Budget bäidroen.