
Ewéi de Chamberpresident Claude Wiseler den Dënschdeg de Mëtteg matgedeelt huet, kritt de Sven Clement fir ee Mount ee Véierel vu senger Indemnitéit als Deputéierte gestrach. De Marc Goergen gouf esouguer méi streng bestrooft a kritt fir zwee Méint een Drëttel gestrach. Donieft gouf en ëffentleche "Blâme" géint hie gesprach. De Sven Clement krut iwwerdeems ënnersot, ee Mount laang un offiziellen Delegatioune vun der Chamber deelzehuelen.
D’Chamber-Presidentekonferenz huet sech un de Recommandatioune vum Comité consultatif sur la conduite des députés orientéiert.
Déi Sanktioune betreffen den Ëmgang vun de Piraten-Deputéierte wärend der Legislaturperiod vun 2018 bis 2023. Et handelt sech ëm en aneren Dossier ewéi dee vun der Malt-App, déi och Sujet vun engem anere Spezialrapport vum Rechnungshaff war. Hei sinn d’Konsequenzen nach net bekannt.