D'Mark Citroën an d'DS hunn e Méindeg en Appell u Besëtzer vun C3 an DS3-Modeller lancéiert, fir "direkt stoen ze bleiwen".

D'Gefierer, déi am Norde vu Frankräich tëscht 2008 an 2013 ugemellt goufen, mussen alleguerten d'Airbaggen direkt ersat kréien.

Dës Airbagge vun der Mark Takata kënne méiglecherweis seriö Verletzunge verursaachen a sinn am Ausland scho Schold un 11 Doudesfäll. Déi japanesch Firma Takata war schonn 2014 a vergläichbar Fäll bei VW, BMW an Toyota verwéckelt a gouf zanterhier zougemaach.

Eng éischt chaotesch Réckruff-Campagne - "Stop-Drive" genannt - war vu Citroën an DS schonn Ufank 2024 a Südeuropa, dem Maghreb a Südfrankräich lancéiert ginn.

Ma nei Tester hunn d'Mammegesellschaft, de Stellantis-Grupp, derzou bruecht, d'Immobiliséierung "als Virsiichtsmoossnam" op de Rescht vu Frankräich auszewäiten.

D'Proprietäre vun dëse Gefierer sinn opgefuerdert, direkt e Rendez-vous an hirer Garage um Internet auszemaachen.

Den 13. Januar war et schonn den Appell vun 20 Automarken an der Affär ronderëm Airbagge vun Takata, Lëtzebuerg och betraff.