Wéi kënnt een am séiersten duerch d'Stad?
Zënter e Sonndeg fiert den Tram bis op de Findel. Déi beschte Manéier de Verkéier ze entgoen. Mä ass den Tram wierklech méi séier? Mir hunn et getest.
Iwwer dräi Deeg sinn ech dës Woch vu Bouneweg op de Findel gefuer. Depart war den Arrêt Lycée Bouneweg. Um Punkt 8 Auer hu mir de Chrono gestart a sinn an den nächsten Tram oder Bus geklomme respektiv si mam Auto lassgefuer.
Wat d'Vitess ugeet, war den Auto de klore Gewënner mat engem Trajet vun 22 Minutten. Den Tram huet mat der Waardezäit um Arrêt 42 Minutte gebraucht, de Bus 35 Minutten.

Vitess ass awer bekanntlech net alles. Den ëffentlechen Transport ass net nëmme méi ëmweltfrëndlech, mä och gratis. Beim Auto sinn nämlech och d'Bensinnskäschten an de Parking ze bedenken. Obwuel de Parking och mat aberechne muss, wann een net grad an der Stad wunnt.
Schlecht Nouvelle ginn et fir déi Leit, déi domat gerechent haten, an Zukunft gratis kënnen um P+R Héienhaff ze parken a vun do aus op de Findel ze goen, fir ze fléien. Dëse Parking ass nämlech nëmme gratis fir Passagéier vum ëffentlechen Transport. Dofir muss een och eng Applikatioun vun der CFL benotzen an dëst noweisen. Jiddereen, deen den Auto einfach sou do ofstellt, muss fir de Parking bezuelen.