Dräi autonom Autoen an der Gemeng Lenneng ënnerwee

De Xavier Bettel bei der Aarbechtsvisitt a Kalifornien. / © MAE
Ee Joer laang ginn an der Gemeng Lenneng Autoen ouni Chauffer op ëffentleche Stroosse getest. Ganz ouni Mënsche geet et dann awer nach net.
Lëtzebuerg wëll europäesche Pionéier am autonome Fuere ginn: Dofir ware sech den Ausseminister Bettel an de Wirtschaftsminister Delles schonn zejoert d'Aarbecht an d'Gefierer vu Pony.ai a Kalifornien ukucken. Deemools gouf e "Protocole d'entente" mat Pony.ai ënnerschriwwen.
An deem Sënn dierfen zanter leschtem Weekend fir d'éischte Kéier autonom Autoen op ëffentleche Stroossen zu Lëtzebuerg fueren, dat awer net ganz ouni Mënsch. Nieft entspriechend ausgebilte Persounen, déi matfueren an d'Tester iwwerwaachen, droen d'Autoen och den Hiweis "wëssenschaftleche Versuch". Wéi mir vum Mobilitéitsministère preziséiert kruten, sollen d'Testfaarten awer eréischt Enn Mee ugoen.
Dräi Ween wäerten deemno wärend engem Joer an der Gemeng Lenneng ronderëm fueren. Dat a Kooperatioun mat Voyages Emile Weber.
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hat Pony.ai Europ SARL d'Autorisatioun offiziell de 27. Mäerz 2025 iwwerreecht. "D'Iwwerreechung vun dëser Autorisatioun ass e wichtege Meilestee fir d'Zukunft vun der Mobilitéit. Autonoomt Fueren ass eng wichteg Innovatioun, déi eisen Alldag verännere kann. D'Regierung freet sech, Entreprisë wéi Pony.ai bei hirer Sich no neien Technologien z'ënnerstëtzen, a wäert Initiative fërderen, déi d'Mobilitéit méi sécher a méi effizient maachen", sot d'Ministesch bei der Iwwerreechung.

© MMTP
LCGB besuergt iwwer Zukunft vu Salariéen am Transportsecteur
Den LCGB weist sech besuergt iwwer d'Tester vun autonomen Autoen zu Lëtzebuerg. Gefierer ouni Chauffer kéinten dem LCGB no zu engem signifikativen Ofbau vun Aarbechtsplazen am Transportsecteur féieren. Doriwwer eraus bräicht "den Iwwergang zu esou enger Technologie" Formatioune fir déi betraffen Employéeën.
Den LCGB rifft an deem Sënn d'Regierung an d'Entreprisen op, "direkt en inklusive Sozialdialog ze féieren, fir d'Suitte vun der Automatisatioun am Transportsecteur ze antizipéieren an ze meeschteren". Et missten elo scho Mesurë fir de Schutz vun Aarbechtsplaze geholl ginn an iwwer Formatiounen an Ausbildunge souwéi Garantië fir d'Aarbechtskonditiounen a sozial Acquisen nogeduecht ginn.
Doriwwer eraus betount den LCGB, wéi wichteg eng kloer Reglementatioun wier, déi den Asaz vun autonome Gefierer encadréiert. Virun allem wéinst der Sécherheet vun den Notzer an der Responsabilitéit bei Accidenter.