"Am schlëmmste Fall sinn och Famill, Bekannten an Aarbechtskolleege" betraff
Wien e Mëttwoch ze séier op der Strooss ënnerwee war, hat méi en héije Risk, erwëscht ze gi wéi soss.
E Mëttwoch war nees de Speedmarathon, eng europawäit Campagne fir méi Verkéierssécherheet, organiséiert vu Roadpol, engem europäesche Reseau vun der Stroossepolice. Bannt 24 Stonne si landeswäit Vitesskontrollen duerchgefouert ginn.
Eng dovunner war tëscht 10.30 Auer an 11.30 Auer beim ale Stadion, wou den Trafic op der Areler Strooss kontrolléiert ginn ass. Bannt dëser Zäit goufen zwee Chauffeure wéinst ze héijer Vitess aus dem Verkéier gewonk. "Bis ewell kënne mer soen, dass mer hënt [U.v.d.R Mëttwoch], um 00.30 Auer schonn den éischte Fürerschäin hu missten anzéie wéinst engem Excès de Vitesse. Tëscht Hallefnuecht an de Moien 8 Auer hu mer mussen 22 Infraktioune feststellen", erkläert de Charel Faber, Responsabel fir de Service vun der Zirkulatioun an der Generaldirektioun vun der Police, an engem éischte Bilan. Bei 8 Fäll huet et sech ëm schlëmm Verstéiss gehandelt, déi 145 Euro an 2 Punkte kascht hunn.
Kontrolléiert gouf alles, wat op der Strooss gefuer ass, vum Auto iwwer de Moto, dem Linnebus, souwéi awer och den E-Bike oder d’Elektrotrottinett. All Joer komme laut Roadpol europawäit 25.000 Leit bei Verkéiersaccidenter ëm. Dacks wier d’Vitess en Haaptfacteur.
D'Reaktiounen op d'Kontrolle wieren dem Charel Faber no e bëssen "duerchwuess". Op der enger Säit huet een d'Leit, déi asiichteg wieren an hire Feeler direkt géingen agestoen. Op der anerer Säit wiere vill Leit net d'accord mat der "Kontroll oder eiser Moossnam". Dës hätte warscheinlech awer och net den "néidege Versteesdemech, wat de Grondgedanke vun esou engem Marathon ass".
D’Grondiddi vum Speedmarathon wier dofir, d’Leit un d’Nodenken ze kréien. "Et geet net just dorëm, dass si grad 5 Minutten éischter op hirer Destinatioun ukommen. Mee, dass et och kann duerchaus tragesch Konsequenzen hunn", gëtt de Charel Faber ze bedenken. Dës Konsequenze géingen net just si selwer concernéieren, mee am schlëmmste Fall och d’Famill, Bekannten an d’Aarbechtskolleegen. Eng gutt Excuse, fir ze séiert fueren, hätt de Polizist da bis elo nach net héieren. Déi heefegst wier, dass d’Leit net opgepasst hunn, Schëlder iwwersinn hätten oder a Verspéidung waren.
Bei dësem Speedmarathon konnten d’Bierger och hir Proposen erareechen, wou kontrolléiert soll ginn. Am allgemenge géing och statistesch erfaasst ginn, wou Kontrolle misste gemaach ginn. Mat klengen Apparater géing de Verkéier dann op verschiddene Plaze gemooss ginn. Jee no Resultat géingen da cibléiert Vitesskontrollen duerchgefouert ginn. Dat zu enger bestëmmter Auerzäit oder zu engem bestëmmte Verkéiersopkommes.
D’lescht Joer waren um Enn vum Speedmarathon 235 Vitesskontrollen duerchgefouert ginn an 180 Leit haten direkt eng Geldstrof kritt. Zwee Radaren, déi deen Dag am Asaz waren, haten 2.500 Mol ausgeléist. Zwee Fürerschäiner waren agezu ginn.