Eng Startup-Entreprise an der Schwäiz huet e System entwéckelt, deen et erméiglecht séier an einfach Solar-Panellen an d'Bett vun de Schinnen ze verbauen.

Net nëmmen dat... dat revolutionäert bei dëser Method ass de Fait, dass een d'Panels och nees einfach a séier ausbaue kann, wann zum Beispill Maintenance-Aarbechten un de Schinne musse gemaach ginn.

D'Iddi ass dem Joseph Scuderi an de Kapp komm, wéi hien an der Schwäiz, méi genee zu Lausanne, op säin Zuch gewaart huet a sech d'Fro gestallt huet, ob een net eppes mat der ongenotzter Plaz tëscht de Gleiser vum Zuch kéint maachen. Dat wat am Joer 2020... Enn Abrëll 2025 goufen elo déi éischt 100 Meter Solarpanele verluecht, 48 Panels un der Zuel, dat op enger Streck zu Buttes, engem klengen Duerf am Kanton Neuchâtel am Weste vum Land. D'Installatioun vun de Panels, sou den Erfinder Scuderi, wier änlech wéi déi klassesch Solarpanels op den Diecher vun Haiser.

Dëst ass dann och net déi éischte Kéier, dass d'Gewanne vu Solar-Energie an den Eisebunnsreseau integréiert gouf. Länner wéi Däitschland, Frankräich, Italien oder Japan teste schonn eng Zäitchen Solarpanels tëscht de Gleisen. Ma et gëtt awer een decisiven an extreem prakteschen Ënnerscheed mam neie System an der Schwäiz: dës Panels sinn deel vun engem System deen ee séier ausbaue kann an och einfach an d'Bett vu bestoende Schinne (Striewen aus Holz tëscht de Gleiser) kann agebaut ginn, also Schinnen, op deene scho länger Zich drop fueren, sou d'Start-Up "Sun-Ways".

Weider gëtt d'Entreprise dann ze verstoen, dass een dës Panels mat der Hand, oder och mat enger Maschinn kann abauen. Dës Maschinn vun der Firma Scheuchzer ka bal 1.000 Metercarré Panels an nëmmen e puer Stonne leeën.

Wéi gesot, d'Panels kënne fir Botz- a Maintenanceaarbechten einfach ausgebaut ginn, eng zylindresch Biischt um Enn vum Zuch botzt d'Solarpanels souguer, wann dësen iwwert se fiert.

Eleng d'Schwäiz, sou de Produzent, hätt ronn 5.320 Kilometer Eisebunnsnetz, hëlt een déi Plazen eraus, op deene wéineg Sonn schéngt oder Ofschnëtter mat Tunnellen, kéint de System esou am Joer ronn 1 Milliard kWh un Energie generéieren. Dëst wiere ronn 2% vum ganze Joresverbrauch vun der Schwäiz, oder ronn 300.000 Familljenhaiser fir e Joer. D'Zil vun der Schwäiz ass et natierlech, fir an e puer Joer (méi genee bis 2035) mat bei de Länner dobäi ze sinn, déi keng Emissioune méi produzéieren.

D'CFL observéieren d'Technologie an der Schwäiz ganz genee

An och d'CFL géifen op hire Strukturen am Land "d’Potenzial fir Photovoltaikanlagen analyséieren", dat natierlech och ofhängeg vun der Ëmstzung an der Rentabilitéit, sou de March Schlammes Chef vun der Kommunikatioun vun den CFL.

Och déi nei Technologie déi elo an der Schwäiz getest gëtt, ass den CFL bekannt an et géif een dëst och weider opmierksam observéieren, ma d'Technologie wier an dem Marc Schlammes no awer nach "e Prototyp": "Mir observéieren do dann och de tout près, wat d’Erkenntnisser sinn bei Vibratiounen am Gleis, d’Liewensdauer an den Impakt op d'Maintenance-Käschten vun den Gleiser a vun de Panneauen, well op esou horizontal leiende Panels bleift och den Dreck leien. Ausserdeem sinn all eis Strecken zu Lëtzebuerg gutt ausgelaascht."

Weider betount de March Schlammes, dass een eben alles dru géif setzen, fir an sech d'Maintenance-Aarbechten an déi domadder verbonne Auswierkungen op de Client esou kleng wéi méiglech ze halen: "Panneauen an Gleiser anzeleeën bedeit automatesch, dass e Gleis net esou laang verfügbar fir de Client ass a mir missten Strecken spären fir des z‘installéieren."

Géif sech d'Technologie tëscht de Schinnen awer duerchsetzen, eppes dat ee jo duerch de stännege Kontakt an Austausch mat den Nopeschlänner géif zäitno matkréien, da géif och Lëtzebuerg dëse Schratt consideréieren. Hei misst een awer natierlech ëmmer d'Spezifizitéiten vum nationale Reseau am Hannerkapp behalen, gëtt de Marc Schlammes ze bedenken.