Vun e Freideg den Owend 20 Auer bis e Méindeg de Moien um 5 wäert op der Deelstreck vun der Tréierer Autobunn den Trafic just iwwer eng Spuer lafen.

Wéinst dem Chantier ass d'Streck a Richtung Tréier tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Echangeur Kierchbierg zou. Den Trafic leeft bidirektional iwwert déi aner Spuer. Dowéinst gëtt hei d'Vitess och op 70 Kilometer an der Stonn an an den Tunnellen esouguer op 50 km/h limitéiert.

Well verschidden Opfaarte wärend dem Chantier gespaart sinn, mussen d'Automobiliste verschidden Deviatioune fueren. Den Detail fannt der am Communiqué vu Ponts et Chaussées.