Den Intressi hëlt zou, mä Lëtzebuerg ass nach wäit vu sengen Ziler ewech
Zu Colmer-Bierg konnt een d'Elektromobilitéit entdecken oder déi neiste Modeller testen.
Bis 2030 soll jiddwer zweet Gefier en Elektroauto sinn. En Objektiv vun deem een nach wäit ewech ass, virun allem wat Privatleit ubelaangt. Déi zweet Editioun vum E-Drive Day dëse Sonndeg war e Succès. Déi eng hunn d’Elektromobilitéit entdeckt, anerer koumen, fir nei Modeller ze testen. A méi wéi ee goung mat enger gewësser Begeeschterung heem. Wat d’Ministesch fir Mobilitéit Yuriko Backes op der Plaz optimistesch gestëmmt huet.
"Wat privat Elektromobilitéit ugeet, ech mengen dat interesséiert d'Leit awer. Ma ech mengen, do ass nach e bësse Sputt no uewen. Mir gesinn, dass d'Leit éischt op de Leasing ginn, well dat dann och interessant ass. Wat d'Societéiten ugeet, do gesi mer awer eng gewësse Montée en puissance. 20 Prozent vum Fuerpark vun de Societéiten ass dann effektiv Elektromobilitéit, wat jo schonn net schlecht ass."
Dat interessant um E-drive Day ass, datt ee sech déi verschidde Modeller net just ukucke kann. Ma et geet direkt och hannert d'Steierrad, fir esou e Gefill vun der Elektromobilitéit ze kréien. An net manner wéi 21 Marken hunn dëst Joer 40 verschidde Modeller ugebueden. Vun der Sportsmaschinn bis zum Minibus.
Stëmmt d’Ëmfeld?
Staatlech Primmen, déi no ënnen ugepasst goufen. D'Lueden doheem, wat bedéngt duerch Changementer bei den Netznotzungskäschte manner attraktiv gouf. Diskussiounen, déi a leschter Zäit d'Transitioun Richtung Elektromobilitéit net onbedéngt ënnerstëtzt hunn.
"Dat ka sinn. Mä ech mengen awer och, dass ganz vill Leit trotzdeem doriwwer ewechdenken a sech soen, dat doten ass eng gutt Saach. Och fir eist Klima. Ech mengen, den Elektroauto huet awer aner Avantagen an ech mengen, dass dat och d'Leit iwwerzeegt. Ech hoffen et op alle Fall. An dass esou Manifestatioune wéi déi heiten dann och de Leit weisen, de Confort vun engem Elektroauto an aner Avantagen", sou d’Ministesch.
Hunn Elektromotorrieder eng Zukunft?
Presentéiert goufen e puer elektresch ugedriwwe Motorrieder. Maschinnen, déi op d'mannst wat d'Leeschtung ubelaangt, ouni Problem mat Verbrenner mathale kéinten. Mat 110 PS an enger Spëtzevitess vun 200 Kilometer an der Stonn. Vun 0 op 100 bannent 2,5 Sekonnen.
Sécher fueren
De Formatiounszenter fir Chauffeuren huet ënner anerem den Automobilisten ugebueden, hiert Bremsverhalen ze perfektionéieren. Mat der Reegel: Duebel Vitess, véierfache Bremswee.