ADAC warnt viru vill Trafic op den nächste Weekender

Well a ville Bundeslänner wéi och hei zu Lëtzebuerg d'Vakanz ugefaangen huet, kann et an Däitschland op ville Plazen zu vill Trafic kommen.
Wéi scho Bison Futé gemellt hat, datt een déi nächst Weekender mat "Vigilance rouge" oder esouguer "noire" a Frankräich géif rechnen, huet den ADAC elo eng änlech Warnung fir Däitschland erausginn.
Vill Bundeslänner an Däitschland starten dës Woch an d'Vakanz an och an Holland, Lëtzebuerg an Dänemark sinn d'Vakanzen amgaangen. Iwwert de Weekend kommen dann nach Leit dobäi, déi iwwert de Weekend verreese wëllen, respektiv wäert et déi éischt grouss Well u Leit ginn, déi aus der Vakanz zeréckkommen. Dobäi kënnt nach, datt et um däitschen Autobunnsreseau nach 1.200 Chantier gëtt, déi wuel fir de gréissten Deel vum Stau wäerte suergen.
Den ADAC rechent grad e Freideg am Nomëtteg, e Samschdeg de Moien an e Sonndeg am Nomëtteg mat dem meeschte Verkéier. Am beschte sollten d'Leit sech an Dag an der Woch sichen, fir hir Rees unzetrieden, esou den däitschen Automobilclub. An hei am Idealfall de Beruffsverkéier evitéieren.
Fir de Reesverkéier z'entlaaschten, dierfe Camionen iwwer 7,5 Tonnen op all de Weekender am Juli an August tëscht 7 an 20 Auer net op de Strecke fueren, op deene e grousse Staurisiko besteet.