Protestpiquet den 19. September geplangt
Beim Tice rumouert et weider

D'Direktioun vum Bussyndikat géif weider all Dialog mat der Personaldelegatioun a mat de Gewerkschaften ignoréieren.
Rieds geet weider vun engem Vertrauensverloscht, engem Klima vun Angscht an engem autoritäre Féierungsstil, heescht et an engem Schreiwes vun der FGFC. D’Wuelbefanne vum Personal géif komplett op der Streck bleiwen.
Dofir gëtt den 19. September e Protestpiquet organiséiert. Gefuerdert gëtt niewent engem klore politesche Positionnement, en Dialog op Aenhéicht a strukturell Verännerunge fir dat ganzt Personal.
Am meeschte gelies