Extern Firma hat Telekommunikatiounskabel duerchgeschnidden
Um Dënschdeg de Moie koum et zu Verspéidungen, respektiv Ausfäll um Zuchreseau, dëst nodeems de Kommunikatiounssystem bei den CFL ausgefall war.
E Méindeg de Moie géint 06:30 Auer, koum et zu gréissere Perturbatiounen am Zuchverkéier op verschiddene Linnen. Grond dofir war eng technesch Stéierung am GSM-R-Kommunikatiounsnetz, wéi d'CFL an engem Communiqué an der Mëttesstonn erklären.
D’Ursaach konnt séier identifizéiert ginn: Eng extern Firma hat beim Chantier um Houwald ongewollt Telekommunikatiounskabel duerchgeschnidden – trotz engem Briefing vun de CFL den Dag virdrun.
Wéinst dem Ausfall vum GSM-R-System hu missen Zich gestoppt ginn, wat zu Verspéidungen an Annulatioune gefouert huet. Géint 07:50 Auer konnt de Verkéier lues a lues nees opgeholl ginn, nodeems eng alternativ Verbindung fir d’Kommunikatioun agesat gouf. D’CFL entschëllege sech bei de Passagéier fir déi entstane Schwieregkeeten.
Betraff waren d'Linnen:
Ettelbréck - Ëlwen
Kautebaach - Wolz
Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier - Wittlich - Koblenz
Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel
Lëtzebuerg - Käerjeng - Rodange - Athus
Lëtzebuerg - Käerjeng - Rodange - Longwy.
Kuerz virun 9 Auer koum dunn Entwarnung vun den CFL, dass den Ausléiser vum Problem behuewe wier. Et kéint awer nach deels zu Verspéidungen oder souguer Annulatioune kommen, bis sech nees alles normaliséiert huet.
De 25. Juni schonn haten d'CFL och e Problem mam Kommunikatiounssystem. Grond war, wéi eis d'Sandy Nonnweiler, Pressespriecherin vun den CFL erkläert, e routineméissege Software-Update: “Vum Interface vum mobillen a fixen Deel vun eise Betriibskommunikatiounssystemer. Op der Bunn hate mir do e Probleem. Wa mir esou en Update maachen, dat maache mir och reegelméisseg, an déi ginn och ëmmer getest, ob dat da klappt. Wa mir da switchen op eise redundante System, eisen zweete System, dass alles normal ka lafen. Do gouf et eng Onreegelméissegkeet.”