Den Autofestival wier gutt gelaf, mä mëttlerweil géing et an de Garagë méi lues dréien, sou de President Philippe Mersch. 

D‘Transitioun bei d‘Elektromobilitéit, den neie Regimme vun de Eco-Primmen oder déi nei Besteierung vu Firmeween: An der Lëtzebuerger Autosbranche gëtt éischter en duerchwuessenen Tëschebilan vum Joer 2025 gezunn.

Virun allem am Privatsecteur kéint ee vun enger gewësser Kris schwätzen.

Bilan Fedamo / Reportage Pit Everling

Den Autofestival wier gutt gelaf, mä mëttlerweil géing et an de Garagë méi lues dréien, sou de President Philippe Mersch.

Vun den Autoen, déi dëst Joer nei ugemellt goufen, fiert en décke Véierel elektresch. Dat wier ze begréissen an am Verglach zu den Nopeschlänner gutt.

Mä d‘Evolutioun no uewe wier gebremst an d‘Zuele vun den Elektroautoe géinge sech éischter stabiliséieren, ewéi stramm no uewe weisen. E grousse generelle Problem wier aktuell de Verkaf un d‘Firmen, sou de President Philippe Mersch
 
"D'Entreprisë sinn net méi sou kafwëlleg, hunn d'Moyenen vläicht net méi, maachen aner Choixe momentan. De Privatmarché, deen ass deen, dee momentan am Stabelsten ass, wat eppes Neits ass fir eis, well normalerweis ass iwwert all déi Joren ëmmer d'Vente un d'Entreprisen am Fong dat gewiescht, wat de ganze Marché gedriwwen huet."

D‘ekonomescht Ëmfeld wier zum Deel net gutt, zum Beispill an der Constructioun.

A verschiddene Branchë vum Privatsecteur wier et wierklech schwiereg ginn, fir nach rentabel ze sinn. 
Da spillen och déi rezent Changementer bei der Fiskalitéit vu Societéitsween eng Roll. Zënter dem Ufank vum Joer maachen do just nach Elektrogefierer Sënn

"Dat ass awer nach haut net esou einfach, dass all Mënsch d'office op en elektreschen Auto iwwerklëmmt als voiture de société an dohier sinn do elo vill Renouvellementer vun Autoen, déi zum Deel a Fro gestallt sinn."

Beim Leasing opérationnel goung et an de leschten zwee Joer 20 Prozent no ënnen. Firmeween maache bei den Umeldungen ëmmerhi knapp d‘Hallschent aus.

D'Fedamo begréisst et, datt weiderhi favorabel Eco-Primmen en place sinn, och wa se zënter Hierscht zejoert net méi sou héich ausfalen. Begréisst ginn och d‘Primmen op elektreschen Occasiounsgefierer, déi dee Maart géingen ukierpen.

"Mir hunn eng Tendenz festgestallt säit Ufank des Joers, dass d'Ëmschreiwunge vun elektreschen Occasiounen an der Augmentatioun ass par Rapport zum Joer virdrun."

2035 däerfen an Europa keng nei thermesch Autoe méi ugemellt ginn. Fir Planungssécherheet ze kréien, wier et gutt, fir ze wëssen, ob et bei deem Datum bleift oder op d‘EU-Kommissioun deen no hanne verréckelt, sou de Philippe Mersch.

Déi amerikanesch Stroftaxe wiere bis ewell fir d‘Lëtzebuerger Distributeuren net ze spieren. Déi schlecht Resultater vun der europäescher Automobilindustrie wieren awer allgemeng beonrouegend.
 
Eng Angscht vun den Distributeure wier déi, datt d'Kontrakter mat de Marken ëmmer méi enk a strikt ginn, gëtt de Philippe Mersch nach ze verstoen.