Nach e puer Maschinnen am LandLE3000 op "Abschidsfaart" duerch de Grand-Duché

Kevin Kayser
Op Nationalfeierdag waren d'Maschinnen, déi bal dräi Joerzéngten hei am Land agesat goufen, eng leschte Kéier am grousse Stil op Tour.

Organiséiert vun der GAR a.s.b.l, also dem Groupement des amis du rail, ass op Nationalfeierdag d'3000er Maschinn vun der CFL op enger "Abschidsfaart" duerch d'Land ënnerwee gewiescht. Vu moies 9:30 Auer u war d'Maschinn bis géint 17 Auer op de Schinnen am Land ënnerwee, dat vun der Stad aus iwwer Ëlwen, Klengbetten, Waasserbëlleg a Rodange, fir dono nees zeréck an d'Stad ze fueren. Gezunn huet d'Maschinn véier Wegmann-Waggonen, mat deenen och Persounen, déi am Virfeld en Ticket gebucht hunn, transportéiert konnte ginn.

Organiséiert hunn d'Frënn vu de Schinnen dëst Evenement, well si de Leit eng leschte Kéier d'Méiglechkeet wollt ginn, d'Lokomotiv vun der Serie LE3000 an Aktioun z'erliewen.

LE3000 Lokomotiv: Vun 20 erof op 4

1998 koumen déi éischt Maschinne vun dësem Typ fir d'CFL an d'CFL Cargo hei am Land an den Asaz. Um Héichpunkt si ronn 20 vun den LE3000-Maschinnen, wéi se richteg heeschen, bei den CFL am Asaz. Déi belsch Bunn hat am selwechten Zäitraum ronn 60 T13-Maschinnen, déi baugläich sinn, op de Schinnen. 2026 sinn nach just véier 3000er hei am Land am Asaz. Déi fueren awer alleguer fir d'CFL Cargo. Op Nofro huet d'CFL dann och confirméiert, datt dës véier LE3000 u sech nach just dëst Joer hei am Land am Asaz sinn. Bis op eng, déi an e Musée kënnt, ginn a goufen déi aner Lokomotiven all verkaf.

Back to Top
CIM LOGO