E Méindeg de Mëtteg goufen d'Aarbechte mam symboleschen éischte Coup de pelle offiziell lancéiert. Den neien Tramsschapp entsteet op engem Site vun 8 Hektar a wäert aus dräi Gebaier bestoen - engem Atelier fir d'Maintenance, engem Gebai, fir d'Trammen ënnerzestellen, an administrative Raimlechkeeten.
Déi nei Tramme wäerten dann och méi laang sinn ewéi déi aktuell: Dës si 45 Meter laang, déi zukünfteg wäerte 56 Meter moossen, soudass méi Passagéier erapassen, wéi d'Demande et och verlaangt, erkläert den Anthony Mopty, Direkter fir nei Linn bei Luxtram. 41 vun den neie Gefiere passen dann an den neie Schapp.
D'Aarbechte sollen 2030 fäerdeg sinn a kaschte ronn 150 Milliounen Euro, vun deenen de Staat eng 130 Milliounen iwwerhëlt an d'Gemeng Lëtzebuerg de Rescht. Parallel gëtt nach op enger Partie anere Plazen um Ausbau vum Tram geschafft, wéi d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes erkläert.
"De Projet Arelerstrooss, dee Gesetzesprojet ass jo deposéiert, dat heescht do wäerte mer da lues a lues ufänken, soubal déi Aarbechte prett sinn. Escher Strooss ass ee Projet, dee mer am Prinzip nach dëst Joer wäerten deposéieren, mir brauche Rullmaterial, dat wäert nach ee separate Gesetzesprojet ginn. Mir schaffen natierlech ganz vill um Ausbau Richtung Süden, un deene Gesetzesprojeten, fir d'éischt mol bis op Féiz, da bis op Metzeschmelz an dono bis op Belval."
Den Tramsreseau esou z'erweideren an auszebaue wier wichteg, esou d'Mobilitéitsministesch, virun allem fir déi nächst Generatiounen:
"Fir mech sinn och d’Investissementer an eis zukünfteg Mobilitéit wierklech wesentlech a se sinn absolutt indispensabel. Ech mengen, wann et eng Plaz gëtt wou mir net solle spuere fir zukünfteg Generatiounen, fir alleguerten d'Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen, dann ass et an den Infrastrukture fir eis Mobilitéit."
Bei der neier Linn um Kierchbierg, déi fir d'Rentrée am September d'nächst Joer opgoe soll, wier een am Timing. D'Yuriko Backes weist sech och oppen, fir den Tram nach an aner Regioune vum Land ze verlängeren, mee et misst een awer Prioritéite setzen an déi aktuell Projeten hätte schonn eng immens grouss Envergure. Haut fuere ronn 120.000 Leit pro Dag mam Tram, am Joer 2035 sollen et der de Previsiounen no iwwer 300.000 den Dag sinn.