D’Statistik weist: D’Zuel vu verbalen Aggressioune klëmmt, déi vu kierperlechen Aggressioune bleift relativ konstant.
Beim Stater Busreseau, dem AVL, kënnt et haaptsächlech zu verbalen Aggressiounen, dorënner virun allem Beleidegungen. Géint de Chauffer goufen et zejoert am Ganzen 163 Aggressiounen, dovunner waren der 152 verbal. Wat op den éischte Bléck vläicht schockéiert, misst awer proportionell gekuckt ginn: Et géif ee vu manner ewéi enger Aggressioun pro Dag schwätzen, esou de Patrick Goldschmidt vun der Ville de Luxembourg. Beim AVL fueren esouwuel déi eege Busser ewéi déi vu Sous-Traitanten — also Privatoperateuren — an do ginn et verschidde Mesuren, fir mat Aggressiounen ëmzegoen, erkläert de Patrick Goldschmidt:
“Bei den Ausschreiwungen ass et kloer, dass d’Formatioun wichteg ass, also Anti-Aggressiounsformatioun. Awer och eng Incitatioun: Déi mussen alleguer alles mellen. A mir stelle fest, dass d’Sous-Traitantë ganz vill mellen. An dat ass och gutt esou.”
An den AVL-Busser gëtt et iwwerdeems en Noutfallknäppchen, wann dee gedréckt gëtt, wiere bannent zwou oder dräi Minutten entweeder d’Police oder en Agent do.
Den OGBL fuerdert Sécherheetskabinnen an de Busser, dass d’Chauffere besser geschützt ginn an de Passagéier weeder eppes kann op de Chauffer geheien, en upaken oder op e späizen.
“An der Stad brauche mir et net,” esou de Patrick Goldschmidt iwwert dës Kabinnen. “Ech verstinn déi Diskussioun, wa mir op ländleche Raum sinn, wa vläicht e Bus x-Kilometer ënnerwee ass tëschent zwee Arrêten. Do ass dat eppes anescht. Mee déi Diskussioun hu mir elo säit 10 Joer, wou ech dobäi sinn, reegelméisseg a virdru war dat och schonn de Fall. Mir brauchen dat an der Stad definitiv net. An et ass och keng Demande do, a priori an der Stad, vun de Gewerkschaften.”
Beim RGTR-Reseau géif gekuckt ginn, inwiefern esou Sécherheetskabinne kënnen opgebaut ginn, well laut de Kontrakter misst all neie Bus obligatoresch eng Kabinn oder e Schutzglas hunn.
“Fir esou Equipementer gëtt et awer kee Standard, mee dat ass ofhängeg vun de jeeweilege Bus-Constructeuren. D’Norëschtung vun de méi ale Busse mat Schutzglas, ass technesch net bei all Modell méiglech an deemno och net direkt flächendeckend ëmsetzbar,” esou de Ministère de la Mobilité et des Travaux publics.
Am Januar wieren 59% vun all en RGTR-Faarte mat engem Schutz fir d’Fuerpersonal assuréiert ginn.
Am Tram sinn et Sécherheetsagente vun enger externer Firma, déi zanter August op den Terminussen an am Tram d’Personal ënnerstëtzen. An do weist sech den Helge Dorstewitz, Direkter vu Luxtram, zefridden:
“Das unterbindet natürlich nicht alle Incivilitäten, auch nicht alle Aggressiounen, aber ich glaube, dass wir damit recht gut aufgestellt sind. Ich will damit nicht ausschließen, dass wir nicht vielleicht noch 1-2 ‘agents de sécurité’ zusätzlich einstellen oder beauftragen, das kann durchaus sein. Aber größere Änderungen sind momentan nicht geplant.”
Mam Gesetzesprojet vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics soll eng national Richtlinn geschaf ginn, fir d’Agenten am ëffentlechen Transport, soudass si wëssen, wéi se solle mat Incidente vun Aggressiounen ëmgoen.
“Fir d’éischt Kéier wäert et e konkrete Katalog vun Infraktioune mat präzise Bousgelder ginn. D’Reegelen zum Verhalen am ëffentlechen Transport ginn deemno ganz däitlech definéiert, fir datt jidderee weess, wat erlaabt ass a wat net. Et wäert e klore System vu Kontrollen, Avertissements taxés an Amendes forfaitaire agefouert ginn”, heescht et an enger geschriwwener Äntwert.