Enn dëst Joer wäert et scho méiglech sinn vun der Luxexpo um Kierchbierg bis op d’Stater Gare ze fueren. An alles dat zanter dem 29. Februar gratis. Geet et dem zoustännege Minister François Bausch no, soll awer weder um Findel nach op der Cloche d’Or Schluss sinn.
Et dierft een haut net dee selwechte Feeler maachen, wéi viregt Generatiounen, déi verpasst haten d’Infrastrukture mat Zäiten un de Wuesstem vum Land unzepassen, esou de François Bausch. Dofir géif aktuell gekuckt ginn, fir den Tram um Kierchbierg an a Richtung Centre Hospitalier op der Areler Strooss auszebauen. Vun do aus kéint en da bis op Zéisseng verlängert ginn.
François Bausch, Mobilitéits- an Infrastrukturminister: “An da geet et do Richtung Esch, Richtung Féiz weider. Dat ass fir d’Südmetropol mam Zentrum, mat der Haaptstad ze verbannen. Firwat ass dat wichteg? Ma well mer festgestallt hunn, dass mat der Entwécklung vun de Friches industrielles riseg Aarbechtsplazpolen entstinn an dann herno och Verbindunge musse bestoen tëscht deem groussen Aarbechtsplaz Stad Lëtzebuerg an dem Süden.”
Wann alles gutt leeft, kéint dës Linn 2028 scho bis op Féiz funktionéieren. Ausserdeem stéing d’Iddi am Raum fir d’Linn och bis op Mënsbech ze verlängeren. Dëse rapiden Ausbau biergt awer och seng Erausfuerderungen.
André von der Marck, Generaldirekter Luxtram: “Le challenge aujourd’hui pour Luxtram c’est de bien coordonner la montée en puissance. En même temps où on construit des infrstructures nouvelles, il faut en même temps construires des rames nouvelles qu’il faut pour prendre en compte cet accroissement. Et en même temps il faut embaucher du nouveau personel, former des conducteurs. Nous allons par exemple cette année former 40 conducteurs pour permettre la mise en service jusqu’à la gare à la fin de cette année.”
Aktuell fueren 9 Trammen tëscht der Stäreplaz an der Luxexpo hin an hir. Dat am 5-Minutten-Takt. Mam gratis ëffentlechen Transport gi sech eng Partie méi Passagéier erwaart. Dofir soll elo zu de Spëtzestonnen, all 4 Minutten en Tram fueren.
Wann d’Linn bis op d’Gare ausgebaut gouf, wäerte 17 Trammen am Asaz sinn an da esouguer stonneweis en 3-Minutte-Rhythmus assuréieren.
RTL News: Serie gratis ëffentlechen Transport (1): Wéi ass et dozou komm, dass Bus, Zuch an Tram gratis ginn?
RTL News: Serie gratis ëffentlechen Transport (2): Ronn 45 Millioune Passagéier d’Joer an d’Tendenz klëmmt
RTL News: Serie gratis ëffentlechen Transport (3): An 23 Minutte mam Tram vun der Luxexpo op d’Gare
RTL News: Serie Gratis ëffentlechen Transport (4): Syprolux bleift skeptesch, et wier een nach net prett op der Bunn
RTL News: Serie Gratis ëffentlechen Transport (5): Groussen Interessi am Ausland um gratis ëffentlechen Transport