Jobdag Ëmmer méi héich qualifizéiert Leit op Aarbechtssich

Monica Camposeo
Een CV hate vill Leit prett, fir sech den Entreprisë beim Jobdag virzestellen.

Bis Dezember d’lescht 2025 gekuckt huet d’ADEM e Plus vu 17,7% bemierkt bei héich qualifizéierte Leit, déi eng Aarbecht sichen.

De Julien huet 24 Joer a sicht zanter engem Mount eng Aarbecht: “Ech hu mäi Bachelor zu Arel gemaach, Assistant de Direction, an trotzdem ass et net esou einfach. Dat ass e bësse schued, well et mengt een ëmmer, et fënnt een direkt eng Aarbecht, virun allem, wann een all d’Sprooche kann.”

Jobdag: Ëmmer méi héich qualifizéiert Leit op Aarbechtssich
Een CV hate vill Leit prett, fir sech den Entreprisë beim Jobdag virzestellen.

Sprooche spillen och fir dësen Architektebüro eng Roll. Mee ganz allgemeng hätt et de Bausecteur no der Kris schwéier, fir déi passend Profiller ze fannen, esou de Lionel Toumpsin, Architekt a Gérant: “Well déi beschte Leit immens recherchéiert sinn an dann och direkt eng Plaz fannen. Mee de Fait, dass mir haut hei sinn, erméiglecht et eis awer, eist Sichfeld ze erweideren.”

De Bausecteur wëll astellen, mee et gi wéineg passend Leit, wärend qualifizéiert Aarbechter et an anere Branchë schwéier hunn, well de Wuesstem gelidden huet, erkläert d’Gaby Wagner, Directrice adjointe ADEM.

Formatioune spillen do eng grouss Roll. Verschidden Entreprisë passen hir Sich deem un, fir hir Plazen ze besetzen. D’Anne Caumont ass Chargée fir de Recrutement fir ee vun de Big-Four-Player:

“Mir sichen haaptsächlech Leit, déi grad fäerdeg gi si mat hiren Etuden an dat fënnt een awer gutt. A mir erwaarden dann natierlech och keng Beruffserfarung. Och beim Ofschloss si mer flexibel, mir froen zwar en Unisdiplom, mee net onbedéngt an engem speziellen Domaine.

An dat spillt verschidden interesséierte Jonke Leit an d’Kaarten, wéi eng Fra aus der Belsch eis sot: “Ech krut eng Alternance proposéiert, also dass ech schaffen an e BTS maache kann. Dat ass fir mech besonnesch interessant, well ech hunn zwar Diplomer, mee ech kommen aus der Belsch an do gëtt et de BTS net.”

Leschten Zuelen no si knapp iwwer 20.000 Leit op der Sich no enger Aarbechtsplaz. Dat ass eng Hausse vun 8% am Verglach mam nämmlechte Mount vum Joer virdrun.

Back to Top
CIM LOGO