Ronn eng Hallef Millioun SchuedDreckswon ouni Chauffer rennt an en Haus am Saarland

Nachrichtenagentur INPUT-Medien Boßmann
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Zu Namborn am Saarland koum et zu engem méi speziellen Tëschefall, bei deem de Materialschued héich ass.
Den Drecksauto ass an engem Haus an der Hohlstraße zu Namborn un d'Stoe komm.
Den Drecksauto ass an engem Haus an der Hohlstraße zu Namborn un d’Stoe komm.
© Nachrichtenagentur INPUT-Medien Boßmann

Fir e grousse Schued huet en Dreckswon gesuergt, deen sech e Mëttwoch zu Namborn am Kreess St. Wendel selbstänneg gemaach huet. Der Police no ass et nach net kloer, wisou de Camion vum selwe weider gerullt ass. Op sengem Wee huet d’Gefier direkt verschidden aner Saache beschiedegt, éier et an en Haus an der Hohlstraße gerannt ass. Der Police no gouf e Camper beschiedegt, eng Garage a méi Haiser.

Ermëttlunge solle weisen, wéi et zum Accident konnt kommen, respektiv op en techneschen oder mënschleche Feeler dozou gefouert huet. Obwuel de Materialschued héich ass, e gëtt op ronn 500.000 Euro geschat, koume keng Persounen zu schued.

© Nachrichtenagentur INPUT-Medien Boßmann

Back to Top
CIM LOGO