An der Nuecht op en Dënschdeg wäert den Diesel ëm 7,1 Cent méi deier ginn an domat 2,077 Euro pro Liter kaschten. An och fir de Masutt muss een nees méi déif an de Portmonni gräifen: Eng Präishausse vu 7,2 Cent ass et hei op elo insgesamt 1,532 Euro de Liter.
