Bei der Kollisioun tëscht engem Fliger vun Air Canada an engem Läschwon um Fluchhafe LaGuardia zu New York sinn US-Medien no zwee Leit ëm d’Liewe komm. De Pilot an de Co-Pilot vun der Maschinn sinn deemno gestuerwen. Dem Fernseesender ABC no goufen donieft op d’mannst 13 Leit blesséiert an d’Spidol bruecht. Dorënner 11 Passagéier vum Fliger an déi zwee Beamten, déi am Läschwon souzen.
Wéi d’Police vun New York der Noriichtenagence AFP matgedeelt hat, war e Fliger vun der kanadescher Fluchgesellschaft Air Canada “mat engem Gefier vun der Fluchhafenautoritéit” kollidéiert. Am Laf vum Méindeg de Moien hat d’Fluchhafenautoritéit vun New York an New Jersey du confirméiert, datt d’Maschinn géint 23.40 Auer e Sonndeg mat engem “Rettungs- a Läschwon” kollidéiert war.
D’US-Loftfaartautoritéit FAA huet nom Virfall erkläert, datt si e Start- a Landeverbuet fir de Fluchhafe verhaangen huet. Et géing eng “héich” Warscheinlechkeet ginn, datt dëst méi laang dauere kéint.
D’Katastropheschutzautoritéit vun New York huet d’Bevëlkerung op X viru “Fluchausfäll, Stroossespären, Verkéiersbehënnerungen a Secouristen” an der Géigend vum Fluchhafen am Quariter Queens gewarnt.
All Departe vum LaGuardia waren um fréie Méindegmoien entweeder verspéit oder annuléiert, wéi um Site vum Fluchhafen ze gesi war.
Schonn e Sonndeg hat de Fluchhafe matgedeelt, datt et zu Annulatioune kéint kommen. Dat wéinst dem schlechte Wieder. Passagéier missten ausserdeem wéinst “Personalmanktem” méi Gedold bei de Sécherheetskontrolle matbréngen.