De Startschoss fält um 19 Auer um Parking vun der Luxexpo The Box. Tëscht 19 an 22 Auer sinn Temperaturen tëscht 10 an 12° Celsius annoncéiert, Reen ass aktuell kee gemellt. Fir d'Leefer perfekt Konditiounen, d'Supporter um Bord vun der Stréck mussen un eng gutt Jackett denken.
Den Nuetsmarathon féiert duerch quasi all d'Quartiere vun der Stad. D'streck ass schwéier, et leeft een net nëmme géint d'Auer, mee och fir déi gutt Stëmmung opzesaugen.
Wann ee gutt trainéiert huet, kann ee Zen bleiwen. Elo kuerz virum Depart, raschten, gutt iessen, vill drénken. An op kee Fall panikéieren, wann een op Strava gesäit wéi aner Leit e Freideg nach "eng locker 28 Kilometer" lafen.
Déi lescht Kilometer zéie sech méi wéi vill Leefer mengen an déi lescht Kilometer um Kierchbierg kënne sech mat schwéiere Bee scho wéi den Tourmalet ufillen.
An engem Schreiwes huet d'Police e Freideg nach emol drop higewisen, dass een nees wéi all Joer mat engem grousse Sécherheets- a Verkéiersdispositif present ass. Et ass de Rappel, d'Ofspärungen an Deviatiounen ze respektéieren, den Uweisunge vun de Verkéiersposte nozekommen an op Täschendéif opzepassen. Fir Froen oder Problemer géifen d'Beamten op der Plaz zur Verfügung stoen an am Noutfall soll een den 113 uruffen.
Wat den ING Night Marathon esou speziell mécht, ass ënnert anerem, dass en owes gelaf gëtt an d'Stëmmung fir e Vollekslaf bal eemoleg ass. Vill Museksgruppen, Leit laanscht d'Stroossen, Partyen an de Quartieren an déi komplett verréckte Stëmmung um Glacis a Knuedler motivéieren. Dës Ambiance soll ee genéissen.
Vill Leefer wäerten och dëst Joer nees mat Kopfhörer lafen. Laut dem Reglement vum Nuetsmarathon gëtt et kee Verbuet. Trotzdeem soll ee genuch oppassen, fir nach ëmmer d’Atmosphär, d'Supporteren, aner Leefer an eventuell Uweisunge matzekréien.
Fir déi eng ass et eng nei Beschtzäit op dësem Parcours, fir déi aner einfach ukommen. A sollt een e Sonndeg net méi gutt d'Trapen erofkommen, hei den 3. Tipp: Hannertsech geet et mam Muskelkater méi einfach.
E gutt Zil sollt fir jidderee sinn, dass ee virop gesond ukënnt. Den Erich François huet selwer schonn annoncéiert, dass den Nuetsmarathon weider liewe wäert.
Freideg, 15. Mee: 11:00 – 20:00
Samschdeg, 16. Mee: 10:00 – 16:00
Alle Leeferinnen a Leefer vill Spaass beim Lafen, de Supporter eng flott Ambiance.
Op rtl.lu gëtt déi ganz Course gestreamt an an eisem Liveticker verpasst dir keen Ament, erlieft d'Stëmmung mat a gitt Detailer iwwer d'Verkéierssituatioun gewuer.