
D'Fuerbunn op der N13 op deem kuerze Stéck tëscht Wickreng a Steebrécke gëtt iwwert de Weekend erneiert. Ma dëse Chantier huet net just en Impakt op d'N13, mä och nach op d'Escher Autobunn. Well hei ginn och verschidden Accèse gespaart, eenzeg kënnt een nach vu Steebrécken aus op d'A4, fir an d'Stad ze fueren. Den Accès a Richtung Esch respektiv d'Offaarte vun der Autobunn fir op Steebrécken a Wickreng sinn och zou.
D'Deviatioune sinn op der Plaz ausgeschëldert. Ma, deemno wou een hi wëll, muss een däitlech méi Zäit aplangen.