
Sou gëtt also no der éischter Hallschent vun der Legislaturperiod an der Gemeng Viichten d’Poste gewiesselt. De Paul Marechal, dee bis elo Schäffen op der Gemeng war, wäert de Buergermeeschterposte vum Luc Recken iwwerhuelen. De Luc Recken wäert dofir de Poste vum Schäffe kréien. Dëst confirméiert och nach eemol d’Gemeng Viichten an engem Communiqué e Mëttwoch den Owend.
No de Gemengewalen 2023 gouf jo direkt festgehalen, dass no der éischter Hallschent vun der Legislaturperiod, also bis d’Fréijoer 2026 , de Buergermeeschterposten un de Paul Maréchal géif goen an de Luc Recken éischte Schäffe gëtt.