An zwou Woche si Kommunalwalen hei am Land. Iwwer 3800 Kandidatinnen a Kandidaten trieden un, fir 1121 Mandater ze besetzen. En aktuelle Sujet also, deen och d'Josiane Hoffmann beschäftegt.

28/05/2023 Apropos Politik a kleng Leit

Bei eis doheem interesséiert eent sech am Moment ganz besonnesch fir d’Gemengewalen – mäin néngjäregt Meedchen.

Hatt wollt am Detail wëssen, wat Politik a Wale sinn a wat Politiker_innen da sou maachen. Mir hunn eis Bescht ginn, him dat a kandgerechte Wierder z’erklären. „Vläit ginn ech och mol Politikerin!“, wor säi Fazit.

All eenzelt Plakat op de Stroossen an eiser Géigend, an et si vill däer Plakater, kommentéiert mäi Kand. Am léifsten, wa mir mam Mupp um Tour sinn.

Fir d‘éischt reegt hatt sech driwwer op, wat mat all deene Plakater, deem ganze Pabeier a Plastik no de Wale geschitt a wisou Politik do net méi ëmweltfrëndlech ass.

An da ginn all d’Sloganen auserneegeholl an d’Kandidat_innen no Sympathiefacteur bewäert: „Wéi kann hien do soen, datt d’Stad déi beschte Plaz fir ze liewen ass? Op eiser Welt ginn et nach vill méi schéin aner Plazen. Wisou sinn di Leit do „no bei mir“? An di aner „méi no“? Verstoppen déi sech a kucken eis no? Firwat gesäit een op deem heite Plakat zwee Männer, mee keng Fra? Déi Monsieuren do schéngen net ganz fein! Hien do awer megaléif. A wisou muss een als Politiker Bréidercher a Gromperekichelcher baken?“

Mäi Kand freet och reegelméisseg, wie vun deene Leit op de Plakater ech dann elo wielen. Di Fro konnt ech him nach net wierklech beäntweren. Ech informéiere mech zwar vill, wees awer bis ewell just, wien ech net wielen.

Deslescht wor ech iwwregens op der Reunioun vum Syndicat vun eisem Quartier. Do huet ee gutt gemierkt, datt Walkampf ass. Et wore sou vill Politiker_innen present, datt ee sech bal gefillt huet wéi an der Chamber. Deplianten hate se dobäi, se hunn Hänn gerëselt a sech äifreg zu Wuert gemellt. Verschiddener si souguer opgestanen an hu Riede gehalen.

A sou wees ech wéinstens, wie meng Kräizer bei den iwwernächste Kommunalwale kritt. Nämlech déi Politiker_innen, déi lo sechs Joer laang weiderhin op der Joeresversammlung vum Syndicat erschénge wäerten an ... hir Rieden och no de Walen net vergiessen.