Gewalt

Viru 25 Joer gouf bei der Futtball Weltmeeschterschaft a Frankräich de franséische Polizist Daniel Nivel vun däitschen Hooligans esou uerg zerschloen, datt hien 6 Wochen am Koma louch. Zanter hier ass hien eng Säit geläämt, a leid ënnert engem Schädeltrauma mat villen neurologeschen Defiziter. Schwätze kann hien net méi. D’Futtballwelt stoung nom 21. Juni 1998 ënner Schock. Mee vill draus geléiert hu mir net, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.
Et gëtt se nach ëmmer. Dës Gruppen, déi soss näischt am Sënn hunn, wéi sech uerdentlech ze zerklappen.
Vill ze dacks liest an héiert ee vun dësen Ultras, déi sech Rendez-vous ginn fir eng zolidd Kläpp.
Viru 6 Wochen hunn zu München iwwer 80 Unhänger vun 1860 a vun de Bayern sech zerklappt. Déi eng a wäissen T-Shirten a maskéiert, déi aner an donkeler Kleedung. Eng speziell Ursaach gouf et net.
Am Mäerz dëst Joer koum et nom Match tëschent Blackpool a Burnley zu enger Kläpperei, bei där e Mann vu 55 Joer esou uerg zerschloe gouf, datt hien kuerz duerno gestuerwen ass.
Firwat musse bei engem Futtballmatch e puer honnert Polizisten am Asaz sinn? Dat kascht d'Allgemengheet en Heedegeld, an ass fir d’Poliziste mat Gefore verbonnen.
Wéi ass et méiglech, datt op den Tribünen vermummte Persounen mat Bengaloen eng Pyroshow offakelen, a behaapten, dat géif zum Futtball derzou gehéieren.
D’Gewalt bleift net op den Tribünen oder virum Stadion.
Viru genee engem Mount huet op engem Jugendturnéier zu Frankfurt e 16 Joer ale Spiller vum FC Metz e Berliner Géigespiller vu 15 Joer esou uerg attackéiert, datt deen gestuerwen ass.
Et bleift och net beim Sport. De Video, deen deslescht hei zu Lëtzebuerg d’Ronn gemaach huet, a wou e Meedchen vu 14 Joer gepéngegt gëtt, weist, datt mir e gesellschaftleche Probleem hunn.
Um Joreswiessel ass e Video zirkuléiert, ob deem zu Esch e jonke Mann, dee schonn um Buedem läit, mam Fouss an de Kapp gerannt gëtt.
Elo kann ee soen: Streidereien an Ausernanersetzungen goufen et schonn ëmmer. Nei ass awer, datt déi elo gefilmt ginn. An dann nach houfreg op de soziale Medien publizéiert ginn.
Nei ass och, datt direkt e Messer eraus geholl gëtt. Eng Statistik seet, am Joer 2022 wieren eleng zu Berlin 3300 Messerattacke gemellt ginn.
Praktesch 3 mol am Dag kritt d’Police zu Lëtzebuerg e Fall vun haislecher Gewalt gemellt.
Wéi kënne mir erëm Manéieren an Anstand léieren, fir méi respektvoll ee mat deem aneren ëmzegoen?