Et ginn esou Deeg, do mengt een, alles geet schif! An et ginn esou Deeg, do rullt et! An et ginn esou Deeg, do läit alles no beieneen. An déi verhält een dann och. You made my day, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

21/05/2023 Apropos "You made my day"

Et waren 10 Deeg vollgepaakt mat wonnerschéiner Natur, mat Reen a Sonn a ville frëndleche Leit. Vläicht kléngt et kitscheg - mee et war esou. Kloer war och emol eng Plaz méi impressionant wéi eng aner, een Dag besser wéi en aneren.

Dee leschten Dag vu mengem Irland-Tripp hat et besonnesch a sech. De Locatiouns-Auto war nees ofginn an de Wee an den Zenter vun Dublin ass am Taxi gemaach ginn. Mat vill Musek. Den Taxichauffer huet bei all zweetem Lidd am Radio matgesongen, um Enn mir och. Et hat esou eppes Liichtes um Sonndegmoien.

Den Hop-On-Hop-Of-Tour duerch d'Stad, dee mer eis gesicht haten, huet dunn nach emol déi Liichtegkeet verstäerkt. Mir haten e Guide erwëscht, dee mat enger erfrëschender Manéier a vill historeschem a kulturellem Wëssen seng "Stad" vun all hire Säite beschriwwen huet, déi houfreg an déi manner schéin.

Iergendwann am Nomëtteg ass dëse leschten Dag du gekippt - an de Stau a bei vill Gedold. Am Croke Stadium war grad eng Sportfinall eriwwer, du koum och nach en Accident an eisen Taxi  Richtung Flughafen houng fest. Um Ufank war et nach witzeg, all déi vill rout a blo Fans ze gesinn, déi friddlech laanscht d'Stroossen zesummen op hir Busse gewaart hunn, déi och net koumen. Den Taxichauffer war ee Moment ongedëlleg - ëmmerhin hat hie scho Feierowend. Mee du koume mer an d'Gespréich a sinn alles gewuer ginn iwwer Gaelic Football, iwwer den Trafic an iwwer de Guinness, op deen e sech elo freet. Kuerz a gutt, d'Zäit war séier ëm a mir ware mat Zäit do - um Enn souguer vill ze fréi.

Beim Gate koum nämlech d'Nouvelle vu Lëtzebuerg: De Findel ass zou! De Rescht vun der Geschicht hutt Der matkritt: Noutlandung, Pist gespaart, Flich deviéiert oder annuléiert. Wéini dann elo a wéi a wuer eise Fluch géing goen, dat hat schonn e bëssi Spannung. Bei de Passagéier koum wuel Nervositéit a Middegkeet op, awer keng Opreegung, trotz ville Froen.

Um 1 Auer nuets si mer als éischte Fliger gelant, nodeems d'Pist nees op war. UFF! Dat war gutt gaangen.
Déi lescht Duerchso vun der Stewardess ass mer dofir besonnesch hänke bliwwen: "Mir entschëllegen eis nach emol fir alles a soen Iech Merci, datt Dir trotzdeem esou léif mat eis waart!"

Neen, elo kënnt net d'Moral vun der Geschicht - just mäi Saz un all déi, mat deene mer deen Dag ënnerwee waren: YOU MADE MY DAY!