Vun engem Moien, engem Laachen an engem Merci...

Haut gi mir jo net nëmme wielen, mee haut ass och Mammendag. Fir de Camille Ney leie béid Evenementer emol guer net esou wäit aus de Féiss...
Meng Mamm war schonn ëmmer eng ganz gleeweg Fra a well si kee Führerschäin hat, ass si mam Bus an d’Oktav gepilgert. Ech si si dunn als jonke Student op d’Charlysgare siche gaang a vun do si mir dann duerch de Park a Richtung Ënneschtgaass getrëppelt. Beim Pôle Nord - déi a mengem Alter wäerten sech nach un deen erënneren - stounge mir du bei der rouder Luucht, déi hirem Numm esou laang gerecht gouf, bis ech zu menger Mamm sot, si misst do op de Knäppchen drécke, fir dass déi d’Faarf sollt changéieren. Si war esou zefridden doheem, dass si net vill eraus koum, an där Knäppercher goufen et nach keng zu Réiden un der Atert.
Um Wee fir an d’Kathedral huet meng Mamm, déi ëmmer e Laachen op de Lëpsen hat, all Mënsch, deem mir begéint sinn – an et waren der vill - schéi frëndlech Moie gesot. Ech, dee “möchtegern”-coolen Teenager-Boulettaner mat laangen Hoer, engem Schnauz an zerfatzter Jeansjackett mat der passender Box, war entsat: “Mamm, du kanns dach net all Hondsfriemem Moie soen!” “Camillchen”, déi Verlängerung vum Virnumm, déi ech gehaasst hunn an déi si erfonnt hat, fir mech vu mengem Papp mam selwechte Virnumm ze ënnerscheeden, “Camillchen, vun engem Moien, engem Laachen an engem Merci ass nach kee gestuerw!” Oh Mamm, léif Mamm, do uewen... ech hunn déi aner Säit gekuckt a gemaach, wéi wann ech näischt mat där Fra ze dinn hat.
Haut schummen ech mech duerfir, grad an dësen Zäite, wou Dir vun all Plakat laanscht d’Strooss een an den Auto laacht an dat nach Wochen a Méint duerno wäert maachen. Ass dat just eng politesch opgesate Frëndlechkeet oder eng, déi éierlech gemengt ass? Wann et esou ass, da passt et iergendwéi net an des Zäit. No der Pandemie huet een d’Gefill, dass d’Leit allgemeng manner gutt drop sinn. Ech weess net, ob et Iech och esou geet, mee wann ech zum Beispill mam Hond spadséieren oder lafe ginn, da fält engem op, dass een dacks fir e Moien oder e Laachen näischt zeréck kritt! An dobäi kascht dat jo näischt!
Solle mir eis net all de Virsaz huelen, méi frëndlech mateneen ëmzegoen an esou aus eisem Kräiz vum Nation Branding, dat jo haut an de Walkabinne ganz in ass, e Smiley ze maachen. Lëtzebuerg, e Land, wat een net wéi mat engem X duerchsträicht, mee wat wéinst senger Gaaschtfrëndlechkeet a sengem frëndleche Service d’Leit aus aller Welt unzitt. E Laachen, heescht et jo, ass ustiechend a gesond. Ma da kommt, mir testen dat emol haut op Mammendag a wie weess: vläicht mécht et Schoul a mir ginn dem James Last mat sengem Happy Luxembourg gerecht! An deem Sënn: all eise Mammen e schéinen Dag a loosst Iech verwinnen!