Dem Pandora seng Këscht kenne mir aus der griechescher Mythologie. Nieft all deene schlëmme Saachen déi iwwer d’Mënschheet komm sinn wéi d’Pandora hir Këscht opgemaach huet, war awer, ganz ënnen, nach eppes dran: nämlech d’Hoffnung. An dat ass och den Titel vum Apropos vun haut. Bea Kneip

Apropos: Hoffnung

«Vulkan ausgebrach», «déidlechen Accident», «Bëschbränn a Kanada», «Doudeger bei Messerattack» . Et brauch een net wäit sichen ze goen, fir schlecht Neiegkeeten ze fannen. Heiansdo huet ee souguer den Androck, et kéim een deenen Hiobsbotschaften net aus de Féiss. Gutt Neiegkeeten sinn dogéint éischter dënn geséint. An awer fënnt een der och alt emol. Wéi zum Beispill, dass an den éischte 6 Méint vum brasilianesche Präsident Lula Da Silva senger Amtszäit een Drëttel manner Reebësch ofgeholzt gouf wéi virdrun. En éischten Erfolleg fir de Lula, dee sech virgeholl huet, d’Ofholze vum Reebësch bis 2030 ganz ze stoppen. Eng Herkules-Aarbecht wat hien do wëlles huet, fir emol bei den ale Griechen ze bleiwen. An eng bei der e mat ganz vill Widderstand wäert kämpfe mussen. Mä ëmmerhin ass et en Ufank. An e klenge Fonken Hoffnung fir d’Äerderwiermung e bëssen ze bremsen. Mat der Hoffnung ass et jo esou eng Saach. Et kann ee sech ni sécher sinn, dass een dat erreecht wat een sech erhofft. Mä wann d’Hoffnung net do ass, da kann een sech sécher sinn, dass een näischt erreecht. Dofir brauch een ëmmer eng gutt Portioun Optimismus fir d’Hoffnung net erhéngeren ze loossen. Am beschte gewierzt mat enger Pris Naivitéit. Well nëmmen domat kann een alt och emol eppes erreechen, wat een eigentlech guer net fir méiglech gehalen hätt. An eng kleng Dosis selektiv Vergiesserlechkeet. Fir ëmmer nees kënne weiderzemaachen, ouni sech decouragéieren ze loossen. Awer net zevill, well et soll ee jo och aus senge Feeler léieren.

An der Literatur ass de Genre vum Solarpunk relativ nei. Et ass souzesoen e Géigestéck zu all deenen däischteren Zukunftsvisiounen déi mer alleguer kennen. Eng Utopie aplaz eng Dystopie. Ob dat realistesch ass? Wie weess. Well villes wat an der Literatur fir d’éischt ugeduecht gouf, ass iergend eng Kéier Realitéit ginn. A sech iwwer positiv Zukunftsvisioune Gedanken ze maachen, wier jo sécher net vu Mutwëll!