Juni

Déi schéinsten Zäit am Liewen...ass grad elo, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut
Wat ass Äer léifste Joreszäit ? Bei enger – natierlech net representativer – Blëtzëmfro am Büro si manner ënnerschiddlech Äntwerten erauskomm wéi ech mer dat erwaart hat. Fréijoer a Summer sinn déi grouss Favoriten, den Hierscht krut grad emol eng Stëmm an de Wanter schéngt kee ganz grousse Fanclub ze hunn. Wéinst dem waarme Wieder, der Luucht an der gudder Laun déi de Summer mat sech bréngt, sou krut ech gesot.
Mir perséinlech geet et d'selwecht. Ëm dës Zäit vum Joer ass et waarm dobaussen, d’Sonn kann een nach bis spéit an den Owend era genéissen, an iwwerall an der Natur ass et eng Zäit vu Wuesstem a Verännerung. No der Wanterrou an den éischte Fréijoersbléien fänkt elo de Summer esou richteg un, an et weess een, dat ass eréischt den Ufank. D’grouss Vakanz läit nach virun engem, de Juli an den August, déi Méint an deenen d’Auer bei ville Leit méi lues geet. Bei aneren ass et natierlech just ëmgedréint, an de Bauerebetriber oder am Tourismus zum Beispill.
De Juni ass e Mount vun de Géigesäz. D’Deeg si laang an awer huet een d’Gefill et misst een sech fläissen, dierft näischt verpassen. Well de Summer dauert net éiweg a grad wann een déi laang Owender a vollen Zich genéisst, da kënnegt sech schon nees den nächste Wanter un. Lues a lues, e puer Minutte just déi all Dag méi kuerz gëtt wéi dee virdrun. Elo hëllt een et nach kaum an Uecht, mä et ass net opzehalen. «Wann d’Schueberfouer bis ufänkt, dann ass de Summer scho bal eriwwer», sou gëtt jo dacks gesot. Nach ass et net esou wäit, a villäicht ass et falsch fir elo schon dorun ze denken. Mä villäicht och net. Wann ee weess, dass déi gutt Momenter am Liewen iergendeng Kéier eriwwer ginn, da genéisst een se dach méi bewosst. A freet sech iwwer alles wat schéin ass. Well näischt dovun ass selbstverständlech.