Droen

© pixabay.com
Gehéiert Dir och zu deenen, déi ouni Caddie am Supermarché ënnerwee sinn an duerno dann näischt méi no vir gesinn, well se ze vill an hir Äerm gelueden hunn? D'Marie Gales zielt och dozou.
Dat éischt wat mäi Mann seet, wa mir Kommissioune maache ginn. ''Stopp, mir huelen e Weenchen!'' Aus guddem Grond, well wa meng Äerm beluet sinn, muss hie meeschtens matdroen an domadder hat hie séier Schluss gemaach. Wann net de Caddie, ass et op mannst e Kierfchen, deen entretemps wann en ze schwéier gëtt, och gerullt ka ginn.
Sou oder sou, ech droe vill duerch mäi Liewen. Ech hu mir schonn dacks gesot, datt ech a mengem fréiere Liewe bestëmmt en Iesel war, déi Déieren, déi an den Asaz komme fir Saachen a leider och Mënschen op Vakanzendestinatiounen duerch d'Géigend ze droen.
Fréiers, also virun 30 Joer waren déi Apparater, mat deenen ech op Interviewe gefuer sinn, vill méi grouss a schwéier. Wat huet een do alles matgeschleeft wann een op e Reportage gaangen ass! Dann huet ech och villes matgedroe wann de Radio ënnerwee dobausse war. Eng Banderole, wou RTL drop steet, ass jo normalerweis net schwéier, eng 100 Stéck awer schonn s, déi een da sollt matbréngen, well se vergiess goufen. Wat méi deier de Gadget, deen et dann ze gewanne gouf bei engem Spill, wat en alt och méi schwéier war. Och deen huet ee missten droen. ''Bréng 20 där mat.''
Ma och privat schleefen ech vill ze vill mat mir erëm. Schonn eleng meng Posch ass schwéier an dobäi fannen ech, datt ech net vill derbäi hunn. Ok mäin Agenda ass grouss (nee ech schreiwen net a mäin Handy), meng Posch mat néidegen Accessoiren an menger grousser Posch, mäin Handy, Brëll a Portemonnaie, jo alles weit. Mäi Laptop an enger anerer Posch weit och a wann ech no der Aarbecht op de Sport ginn, muss mäi Sportskuerf mat, och dee wëll gedroe ginn.
No der Aarbecht ginn ech och mol séier akafen, alt nees Tuten, Këschten a Kierf, déi musse gedroe ginn. E Geschleefs an e Geschleefs. Mä anscheinend winnt ee sech drun!? Deslescht hunn ech Fotoen aus der Vakanz gekuckt, do ass mir opgefall, datt ech op ville Fotoen eng Tut am Grapp hunn. Esouguer am Congé droen ech hin an hir.
Den nächste Congé kënnt, ech wëll deen ouni Droen op en Enn bréngen. D'Wett leeft, mat mengem Mann.