Vermësst

An de leschte Wochen an Deeg hunn dramatesch Sich- a Rettungsaktiounen d'Aktualitéit dominéiert. Mënschlech Schicksaler, déi een net kal loossen, mengt D'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
Am kolumbianesche Reebësch gouf e puer Woche laang no engem Fligeraccident, bei deem hir Mamm ëmkomm ass, no véier Kanner gesicht. Wat eng Erliichterung, datt tatsächlech dës Kanner konnte lieweg fonnt ginn a vrun allem, wat eng Begeeschterung a wat en Hoffnungszeeche vu Versteesdemech, well Arméi an indigène Awunner zesummen op der Sich waren, sech ergänzt a respektéiert hunn. Trotz der traureger Gewëssheet, datt d'Mamm d'Kanner nach konnt op de Wee schécken, ier se gestuerwen ass, an och de Rettungshond, deen d'Spuer opgeholl hat, elo vermësst ass.
Déi aner Sichaktioun, war déi nom Tauchboot Titan, an deem fënnef Mënsche wollten, bei d'Wrack vun der Titanic tauchen. Elo ass gewosst, datt d'Boot wuel implodéiert ass a keen iwwerlieft huet. Hei hunn all opwänneg an deier Rettungsaktiounen näischt bruecht.
Natierlech kann a soll een dës zwou Aktiounen net matenee vergläichen - déi eng eng mënschlech Tragedie vu Kanner, déi ëm d'blousst Iwwerliewen hu musse kämpfen. Déi aner eng verréckten Aktioun vu Leit, déi sech mat vill Sue wollten eng Aventure leeschten. An natierlech däerf ee sech och d'Fro stellen, firwat grad dat eis elo méi beschäftegt, wéi den Ënnergank vun engem iwwerfëllte Schëff am Mëttelmier. Och do gi Mënsche vermësst, déi fir deier Geld, dat se kriminelle Schleuser bezuelt hunn, just wollten an e séchert Liewen.
Mee egal ënner wéi enge Konditiounen sou Tragedië passéieren, et ginn iwwerrall Mënschen, déi hei ëm hir Léifste baangen a fir déi dës Ongewëssheet quasi net z'erdroen ass.
Ech ka gutt matfillen. Et si schonn iwwer 40 Joer hier, wéi a menger Famill, dräi Mënschen - Papp, Mamm an Duechter -, bei engem Feier ëm d'Liewe komm sinn. Sechs Wochen huet et gedauert, bis mer Gewëssheet haten.
Sechs Woche an deenen d'Welt fir een op der Kopp ass, an deenen engem déi onméiglechst Zeenarioen am Kapp dréinen, an deenen ee sech un all Stréihallem Hoffnung klamert. Bis déi traureg Nouvelle kënnt.
Dofir: d'Konditioune kënne sinn, wéi se wëllen. Wann een no drun ass, deet et just nëmme wéi ... och no 40 Joer nach.