A manner wéi enger Woch ass de läschte Schouldag gepackt an di grouss Vakanz offiziell agelaut. Beim Josiane Hoffmann doheem leeft och de Countdown, wéi et eis a sengem Apropos vun haut verréit.

09/07/2023 Apropos Grouss Vakanz

Säit gëscht huet mäin Eelst Vakanz. Et gouf vill geschafft am Lycée dëst Joer. Dofir heescht et lo fir e puer Woche „Fräiheet“! An e bëssen Distanz zu schwieregen Theme wéi Mobbing a Gewalt, Klimawandel an Nohaltegkeet, sozial Gerechtegkeet oder och perséinlech Zukunftsperspektiven an onsécheren Zäiten. Grouss Vakanz bedeit virun allem erëm méi Fräiraum, fir mol näischt ze maachen, seng sozial Kontakter intensiv ze fleegen oder kreativ ze sinn.

Mäi Kand, wat an d’Grondschoul geet, ass natierlech e bësse getouft. Hatt muss d’nächst Woch jo nach untrieden. Fir den Iwwerbléck iwwert di puer Schouldeeg, déi nach bleiwen, net ze verléieren, huet et sech eng Stréchlëscht gemaach. An zwar eng ganz summerlech. Hatt huet lauter faarweg Ananassen a Melounen, déi mam Sonnebrëll beim Pool am Bikini leien, drop gemoolt.

Gedanklech si meng Kanner momentan schonns relativ vill an Holland un der Plage. Do wäerte mir nämlech an e puer Woche eis Familljevakanz verbréngen.

Mir Erwuessener sinn nach sou guer net heirop fokusséiert, mir hänken nach matzen am Aarbechtsalldag.

Dofir huet eisen Nowuess awer schonns e ganzen „Chill“-Programm fir eis opgeschriwwen - inklusiv den Adressen: Relaxen um Mier, Liesen, Schwammen, Spaass am Aquapark, kleng Shoppingeinlagen tëschenduerch, Vëlos- an Trëppeltoure mat ville Glacëpausen, alkoholfräi Cocktailer mat Äis... Souguer de Babysitting vum klenge Brudder ass dobäi, fir datt mir Elteren e bësse Schlof nohuele kënnen.

A wat dee Programm heiheem méi oft duerchgeschwat gëtt, wat e mir besser gefällt. Bei all Presentatioun hunn ech an der Läscht e Lidd aus den 1990er am Kapp. Vläicht erënnert Dir Iech jo och nach un de Song „So schmeckt der Sommer“ aus der kulteger Pub vun engem däitsche Glacëproduzent. Vakanzefeeling pur!

An dësem Sënn: Loosst och Dir Iech de Summer an di grouss Vakanz gutt schmaachen – egal, ob dat op der Plage, an de Bierger oder heiheem ass! Well de waarmen Hierscht, virun allem dee politeschen, kënnt nach fréi genuch.