Fir méi Eegeverantwortung

A senger "carte blanche" vun haut beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, mat der Tendenz vum Iwwerreglementéieren an dem Verloscht u Fräiheet an Eegeverantwortung. Eng net ongeféierlech Tendenz.
Iwwer déi Feierdeeg war wéi esou oft déi national Aktualitéit éischter méi moer. Schlagzeilen huet do e puer Deeg de Verbuet vu privaten Freedefeieren op Sylvester gemaach. Keng Affär, kéint ee soen. An dach. Déi op den éischten Bléck éischter niewesächlech Saach mat dësem Verbuet huet méi en déiwen Hannergrond. Schonn erëm ee Verbuet, schonn erëm eng Reglementatioun an engem Beräich, an deem et am Fong em de Respekt vun aneren an d’Verantwortung vis-à-vis vun anere leit geet..
Et besteet eng Tendenz an eiser Gesellschaft ëmmer méi esou Reegelen gesetzlech oder reglementaresch ze verankeren an esou d’Leit quasi zum gudden a verantwortlechen Verhalen ze zwéngen.
Wéi weit soll a kann dat goen? Dat ass eng gutt Fro.
Ech erënnere mech an dësem Kontext zum Beispill un eng méiglech Zockersteier op Limonade a Cola, iwwer déi virun e puer Méint haart vun der Politik nogeduecht ginn ass.
Musse mer wierklech als Gesellschaft souwäit goen?
Ass dat net de Beweis, datt mer eigentlech net méi selwer verantwortlech kënnen handelen an op de Staat waarden, fir all Topegkeeten ze reglementéieren, anzeschränken oder ze verbidden?
Iwwerhaapt verschwannen an der ëffentlecher Debatt Sujeten wéi Eegeverantwortung a Responsabilitéit ëmmer méi. Iwwerall gëtt nom Staat geruff deen agräifen, hëllefen, an d’Saachen reegelen soll.
Dat ass en einfach Approche, a mengen Aen eng ze vill einfach.
Dat ass eng Approche, déi ënner dem Stréch deen Eenzelen manner fräi mécht a sengem Choix an doriwwer eraus aus der Verantwortung entléisst.
Elo kéint een deem natierlech entgéinthalen, dëst wier e Plädoyer fir eng nach méi individualiséiert an net solidaresch Gesellschaft. Nee, et ass de contraire.
Wann een dem Staat alles iwwerléisst, zielt deen Eenzelen domat ëmmer manner. D’Risiken an d’Niewewierkungen dovun si bekannt.
Also loosse mer déi Saach mat de Knupperten e bësse méi relax an verantwortlech ugoen. An dësem Sënn. Fir méi Eegeverantwortung a Fräiheet. E glécklecht neit Joer.