Soziale Mindestloun

Den Robert Dennewald ass Éierepresident vun der FEDIL. Hien ass net averstane mat der Erhéijung vum soziale Mindestloun ewéi se vun verschiddenen Politiker gefuerdert gëtt.
Et ass ganz erstaunlech. Gleeft een dem Europäeschen Statistikamt Eurostat, da gehéieren déi traditionell Lëtzebuerger Betriber ausserhalb vum Finanzsecteur zu den onrentabelste Betriber vu ganz Europa. Elo gëtt och nach vu verschiddene Politiker gefuerdert, datt grad déi Betriber e méi héije soziale Mindestloun bezuele mussen. Dobäi wësse mer alleguerten, datt e Betrib nëmme méi héich Léin bezuele kann, wann e méi rentabel schafft.
Dat schéngen déi Leit, déi elo fuerderen den soziale Mindestloun eropzesetzen, iwwersinn ze hunn, well se sech vun onsem allgemenge Wuelstand, eisem gesonden Wirtschaftswuesstem an onser Progressioun an der Beschäftegung verblenden gelooss hunn. Woubäi ee wësse muss, dass d’Progressioun vum PIB an d’Progressioun vun der Beschäftegung zanter 15 Joer déi selwecht ass: do läit jo d’Kromm an der Heck: mir hu keng Produkitvitéitsgewënner a domat och net wierklech ee qualitativen, mä just ee quantitative, Wuesstem. Et ass iwwregens d’Progressioun vun der Produktivitéit – also näischt anescht wéi dat, war mir an enger Stonn hierstellen - déi d'Moosslat vun der Lounentwécklung ass. Déi, déi trotz all deene Schwieregkeeten elo eng drastesch Erhéijung vum Mindestloun fuerderen, hn vergiess, datt si e ganzt geféierlecht Spill spillen, an déi Betriber, déi sech engem internationale Wettkampf stelle mussen, seriö a Gefor bréngen.
Mir däerfen och net vergiessen, datt all Erhéijung vum soziale Mindestloun e ganze Rateschwanz vun anere Fuerderunge mat sech bréngt, an net ze vergiessen, méi Inflatioun wéi soss enzwousch, an dat verfréit Erfale vun enger nächster Indextranche. Ee richtegen Däiwelskrees, deen am Endeffekt kengem eppes bréngt.
Et ass net ausgeschloss, datt dann och eng Diskussioun iwwert eng Rentenupassung opkënnt, a mir wësse schonn haut, datt mir mat onser haiteger Rentepolitik op de Käschten vun den nächste Generatioune liewen. Wéi solle mer dann nach eng weider Upassung vu Rente verkraaften a rechtfäerdegen?
An där ganzer Diskussioun iwwert d’Erhéijung vum soziale Mindestloun bestätegt sech erëm dat gutt aalt Lëtzebuerger Spréchwuert : « wann et dem Iesel ze gutt geet, da geet et op d’Äis danzen ».
Ech hoffen, datt déi Leit déi sech opstelle fir am nächsten Hierscht d’Geschécker vun onsem klenge Land ze feieren, sech dat Spréchwuert zu Häerz huelen, an Zukunft vun onsen Betriber net duerch onvirsiichteg wahlpolitesch, jo villäicht souguer populistesch Aussoen, op d’Spill setzen. A bon Entendeur an e schéint neit Joer.