A senger Carte blanche warnt de Jean HUSS, President vun AKUT, virun de Konsequenze vun eiser polluéierter Ëmwelt op eis Gesondheet.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Zum Joreswiessel hate sech sécher déi meescht vun eis nei gutt Virsätz geholl an een deem aneren eng gutt Gesondheet fir dat neit Joer gewënscht.

De Wonsch no enger gudder Gesondheet ass a bleift eng vun eise wichtegste Suergen! Mä leider stelle mer fest, datt ëmmer erëm op en Neits Leit aus Famill, Noperschaft oder dem Bekanntekrees vu méi oder manner schlëmme Krankheete betraff ginn. Ech schwätzen elo net vun den alljährlechen, übleche Grippen an Erkältungen, mä vun den zanter 20 bis 30 Joer zouhuelenden Häerz-Kreeslaf-, Kriibs- oder Zockerkrankheeten, vun Allergien an Autoimmunkrankheet, Depressiounen an anere psychesche Krankheeten. A mir stelle fest, dass och ëmmer méi Kanner a Jugendlecher betraff sinn.

Vis-à-vis vun all dësen zouhuelende chronesche Krankheeten, och Zivilisatiounskrankheete genannt, gëtt da vun offizieller Säit komescherweis just un den Eenzelnen appelléiert, fir sech präventiv méi verantwortlech ze verhalen: net fëmmen, net ze vill Alkohol, sech méi gesond ernähren a sech méi beweegen!

Dës Appeller sinn natierlech net falsch, ginn awer net duer, well se déi politesch Verantwortung fir eis verschmotzten Ëmwelt an den ëmmer méi grousse soziale Stress ëmmer erëm ausklameren, obschonn dës Facteuren zu den Haaptverantwortlechen fir déi massiv Zounam vun dëse Krankheeten zielen.

Léif Nolauschterinnen,

Déi rezent skandaléis Evenementer ronderëm d’Sprëtzmëttel Glyphosat a munch anerer oder ëm d’Diesel- a Feinstaubbelaaschtungen an eise Stied si leider just d’Spëtzt vum berühmten Äisbierg, vu villen aneren Ëmweltgëfter gëtt nämlech mol guer net geschwat.

Léif Nolauschterer,

Zanter elo méi wéi 25 Joer beméit sech d’Associatioun AKUT fir d’Ëffentlechkeet iwwert déi wëssenschaftlech nogewise Relatiounen tëschent Ëmweltgëfter a ville chronesche Krankheeten z’informéieren. Et handelt sech hei haaptsächlech em chemesch, elektromagnéitesch, schwéiermetallhalteg oder och biologesch Schadstoffquellen, wéi zum Beispill Schimmelpilzer.

Och zanter déi ëmweltmedezinesch an epigenetesch Fuerschung wëssenschaftlech konnt noweisen, datt schonn de Fötus am Mammebauch ënnert esou Belaaschtunge ka leiden an doduerch Krankheeten no der Gebuert an am spéidere Liewe virprogramméiert ginn, gëtt d’Informatiounsaarbecht vun AKUT ëmmer méi wichteg, an ëmmer méi wichteg wier och eng ëmweltorientéiert Preventiounspolitik vun eiser Santé a vun de politesche Responsablen an Europa!

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

D’Informatiounsaarbecht vun de Responsable vun AKUT ass evidenterweis eng ganz kritesch a stellt munches a Fro. Mä och wann dat deem engen oder anere wirtschaftlechen oder politeschen Acteur net ze gefale schéngt, wäert AKUT och an Zukunft iwwert Ëmwelt a Gesondheet informéieren.

Et huet geschwat de Jean HUSS vun AKUT.