Loosse mer net zwou Saache verwiesselen, mengt de Jean-Louis Schlesser. D’Kierch an d’Relioun, dat ass sech no, awer mir musse feststellen, datt et nach laang net dat selwecht ass.

AUDIO: Carte Blanche vum Jean-Louis Schlesser

D'lescht Woch ass et also geschitt. D’Parlament huet d'Lasskoppelung vu Kierch a Staat gestëmmt. An der Diskussioun doriwwer ass ëmmer nëmme vun der Kierch geschwat ginn a ganz seele vun der Relioun. Do musse mer oppassen. Kierch a Relioun däerf een net mateneen verwiesselen.

Laut Dictionnaire ass Relioun en Ensembel vu Riten, déi bedeiten, datt et niewent der Welt vum Alldag eppes aneschtes, Helleges gëtt, dat d’Séil vum Mënsch mat Gott a Verbindung bréngt.

An d’Kierch? Do ass d’Definitioun méi komplizéiert. Ass et eng Communautéit vu Leit déi un de Jesus Christus als Grënner vun hirer Beweegung gleewen? Ass et den Ensembel vum Personal an der Hierarchie vun der Beweegung, am Fall vun der kathoulescher Kierch also, vun uewen no ënnen, vum Poopst zu Roum bis bei de Kaploun, eventuell esouguer bis bei d’Laien, d’Katecheten an d‘Volontairen? D'Relioun ass eng privat, scho bal intim Affär. Et gleeft een, wann een e Katholik ass, un d’Dräifaltegkeet, un d’jungfräulech Gebuert säitens der Maria vum Jesus, dorun datt hie sech fir d’Mënschheet geopfert huet a villes méi. Iwwregens gleeft een och un den Däiwel. Dat mécht de gleewege Katholik aus, a, mat verschidde Variabelen, och di aner Chrëschten di keng Katholike sinn.

Ëm de Glawen ass et schlecht bestallt an der Welt, an der Kierch geet et och net besser. An der Hierarchie herrscht net grad Optimismus. De Poopst reest duecht d‘Welt a wat hien am meeschte mécht, dat ass sech am Numm vu senger Kierch entschëllegen. Et schéngt, datt d'lëtzebuergesch kierchlech, kathoulesch Hierarchie dee Pessimismus deelt. D'Zäite si batter. Ech huelen un, datt sech beim Äerzbistum gesot gouf, datt et am beschte wär sech op dat ze konzentréieren, wat de core-business vun der Beweegung ass: sech mat der Relioun a mam Glawe beschäftegen.

Als net gleewege Lëtzebuerger, als Atheist wousst ech, datt et Organisatioune géif ginn, déi dee gelungenen Numm Kierchefabrick hu mee dobäi ass et bliwwen. Villäicht nach vaguement, d’Fransousen…, den Napoleon… Ech krut also, mat bestëmmt villen aneren, Nohëllefsstonnen a Geschicht. Nohëllefsstonnen a Relioun misst awer eng Gruppéierung kréie vun där ech virum Zodi wierklech nach ni eppes héieren hat: de Syfel, de Syndikat vun de Kierchefabricken.

Wann een dem Syfel nolauschtert, huet een d’Impressioun, datt Relioun, Spiritualitéit, Glawen a Gott haaptsächlech materiell, profan, weltlech Froe sinn. Datt et vill méi wichteg ass, datt ee Proprietär vun enger Kierch ass, wei dat wat een an dem Gebai mécht. Ënnert gudde Chrëschte stellen ech mer eppes anescht vir. Mä, villäicht läit et u mir, an ech hu wierklech näischt matkritt vu Kierch a Relioun.