Nom Vote iwwert d’Kierchefabricken an der Chamber d'lescht Woch mécht sech de Laurent Schley, President vun AHA, puer Gedanken a senger Carte blanche mam Titel „Positiv Trennung!“

Et ass also vollbruecht. Dat finaalt Puzzlestéck am Dossier Trennung vu Kierch a Staat, nämlech d’Gesetz iwwert d’Ofschafe vu deenen 285 Kierchefabrécken, ass d’lescht Woch an der Chamber gestëmmt ginn.  D‘Empörung bei den Acolyte vun der kathoulescher Kierch war grouss, notamment beim Syndicat Syfel a bei der CSV.

AUDIO: Carte Blanche vum Laurent Schley

Beim Syfel kann een d’Opreegung jo iergendwéi verstoen. Kee wëllt bekanntlech en Acquis oder e Privileg opginn, a wann en à la base nach sou ongerechtfertegt war. Bis elo konnte verschidde Leit an deenen archaesche Kierchefabricken monter Suen, Terrainen a Gebailechkeeten an totaler Ontransparenz an ouni Finanzkontroll geréieren an ronderëmréckelen a fläisseg Defiziter maachen, di da vun der Allgemengheet couvréiert goufen. D’Avoire vun der Kierch ginn an Zukunft just nach vun enger mëttelalterlecher Struktur assuréiert, dem Bistum, deen awer ëmmerhi seng Defiziter selwer muss bezuelen. An hoffentlech all Joer enger onofhängeger Finanzkontroll ënnerworf gëtt... Am Fong misst jo och d‘Fro erlaabt sinn, wou di ganz Avoiren iwwerhaapt hier kommen...

Komme mer bei d’CSV. Huet een där enger oder anerer Deputéierter am Debat nogelauschtert, sinn engem bal d’Tréine komm. Do huet sech dach di béis DP-LSAP-déi Gréng-Regierung tatsächlech erdreist, 285 archaesch Strukturen hei am Land op ee Coup ofzeschafen. Moment mol: Kierchefabricken, dat huet dach mat Kierch ze dinn, dat ass dach CSV-Domaine. D‘CSV hat dach ganz sécher als Prioritéit Nummer 1, di mëttelalterlech Strukturen ofzeschafen? Mee Moment mol nach eng Kéier: war dann net grad déi CSV vun 1979 bis 2013 onënnerbrach an der Regierung, an hat 34 Joer Zäit, den Dossier unzegoen? Eh bien dach. Huet se et gemaach? Eh bien nee. D’gehéiert wierklech grenzenlose Culot dozou, fir sech elo dohinnerzestellen an ze behaapten, di Reformen hätt ee jo selwer wéilte maachen. An derbäi wuel ze denken, dass d’Leit hei am Land sech wierklech op deem doten Niveau fir domm verkafe loossen.

Op gesellschaftspoliteschem Niveau, an do zielen ech d‘Trennung vu Kierch a Staat dobäi - och wa se weder perfekt nach komplett ass - huet d‘DP-LSAP-déi Gréng-Regierung eist Land massiv virubruecht, an dat no 34 Joer CSV-Stëllstand. Déi ëmgesate Reformen kommen eigentlech alle Bierger entgéint.

Deene Gleewegen gouf hire Glawen a kengster Weis wechgeholl oder ageschränkt. Au contraire all Gleewegen – an dat ass och gutt esou – dierf natierlech weiderhi gleewen, wat hie wëllt, un een onsiichtbart rosa Einhorn oder un een oder méi vun deene ronn 3.000 Götter, déi d’Mënsche bis elo erfonnt hunn.

An déi rationell Leit kënne sech driwwer freeën, dass 1. an der Schoul keng Kanner mi reliéis indoktrinéiert ginn, an 2. manner vun hire Steiergelder an irrationellt Strukture gepompelt ginn an deemno an Zukunft hoffentlech fir méi sënnvoll Saachen gebraucht kënne ginn, wéi zum Beispill Educatioun, Medecine, Wëssenschaft oder Konscht.