Ochlokratie oder vum politeschen Egotrip

Orientéiert Politik sech wierklech um Allgemengwuel oder geet et awer just nach em eegen Interessen – a wéi enger Demokratie liewe mer, wa jidderee just nach u sech denkt? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
Demokratie kléngt einfach, ass et awer net. Déi al Griichen hu se zwar erfonnt, awer sech selwer net laang, respektiv guer net dru gehalen. Den Aristoteles fënnt se kompatibel mat der Sklaverei. Souguer den Churchill war nach iwwerzeegt, Demokratie wier am Fong déi schlechtst vun alle Regierungsformen, woubäi nach ëmmer déi Bescht vun all deene Modeller, déi bis ewell probéiert goufen. An och haut schéngt eis Gesellschaft den demokrateschen Usproch ëmmer méi aus den Aen ze verléieren.
Kuckt een eis politesch Realitéit – national sou gutt wéi europäesch - da stellt sech d'Fro, vu wat mer dann eigentlech schwätzen, wa mer de Begrëff vun der Demokratie benotzen. Sou schéngt et ëmmer méi schwéier ze ginn, d'Wuel vun der Allgemengheet an de politeschen Entscheedungen, wéi och an de Visiounen erëmzefannen oder iwwerhaapt ze identifizéieren.
Do kommen déi all Griichen erëm an d'Spill, an zwar mat der „Ochlokratie“. Am éischte Moment erënnert Ochlokratie vläicht munchereen un en Ausgang, dee Kierperflëssegkeeten ausscheet. Deem ass natierlech net sou, och wann et als Metapher, also als Vergläich mol guer net sou schlecht passt. Ochlokratie ass dem Polybios seng negativ Variant vun der Demokratie, nämlech d'Regierung vun der Mass am Géigesaz zu där vum Bierger. An dësem Modell gëtt d'Wuel vun der Allgemengheet fir den Eegennotz souwuel ausgeblennt, wéi och beschiedegt. Orientéiert gëtt sech eenzeg an eleng no egoistesche Motiven, kuerz jiddweree kuckt just no sech a sengen eegenen Interessen. Net ëmsoss gëtt Ochlokratie och nach als Herrschaft vum Pöbel bezeechent. Eng ofwäertend Form vum Zesummeliewe wou jiddwereen, an dat net nëmmen an der Politik, just nach kuckt déi eegen Täsche sou voll wéi méiglech ze kréien an all Entscheedung aus enger reng egoistescher oder populärer Motivatioun geholl gëtt.
Dir sicht no Beispiller: den neierdéngs agelautene politesche Wahlkampf liwwert se: méi Mammecongé, méi Pappecongé, méi Schoulpersonal, manner Stagezäit. Däerf ee gespaant si wat deenen Damen an Hären bis Oktober nach u gratis Aussoen afält. Oder, wéi de Spiegel et ganz pertinent déi aner Säit vun der Musel op de Punkt bruecht huet: der Pakt der Verlierer. Wa Muecht – virun allem déi eegen - méi wichteg ass wéi d’Allgemengwuel - also eng kohärent demokratesch Politik, kuerz Ochlokratie.
Dat ass net ongeféierlech well tëscht dem Allgemengwuel an de cumuléierten Interessen vun all Eenzelen, gëtt et nämlech keng mathematesch Equatioun, déi e positiivt Resultat liwwert. Am Géigendeel, wa jiddwereen just nach u sech denkt, da geet dat op Käschte vun der Allgemengheet an där hirem Wuel oder, modern geschwat, u Liewensqualitéit vun eis all.
De Jean-Jacques Rousseau huet dofir schonsn am 18. Joerhonnert tëscht der “volonté générale”, also dem Wëlle vun der Allgemengheet, an der “volonté de tous”, also dem Wëlle vu Allen, Ënnerscheed. Dat sinn nämlech zwee puer Schong – dem franséische Philosoph war kloer a wéi engen et sech besser zesumme geet. Freet sech just wéi e Puer mir an Zukunft wëllen undoen!