Auswenneg léieren!

A leschter Zäit hunn d’Politiker ëmmer erëm dozou opgeruff, d’Bildungsdebatt ze versachlechen an op e wëssenschaftlecht Fundament ze stellen. Allerdéngs geet d’Wëssenschaft net ëmmer an déi Richtung, déi ee mengt. Dozou eng Carte blanche vum Alain Wagner, Franséischproff am Stater Kolléisch.
Et ass eng Ironie vun der Geschicht, wann traditionell Léiermethoden, iwwer déi vill Pädagogen hautdesdaags d’Nues rümpfen, op eemol vun der moderner Fuerschung rehabilitéiert ginn. Scho viru gutt 12 Joer koum eng kanadesch Etüd zur Conclusioun, datt en explizitten a strukturéierten Unterrecht, grad bei méi schwaache Schüler, zu bessere Resultater féiert, wéi déi hei zu Lëtzebuerg oft héichgeluefte Projetspädagogik. Wat een awer kierzlech am franséische Magazin « Le Point » liese konnt, huet engem bal d’Sprooch verschloen. Ënnert dem Titel « Le par-cœur validé par la science » krut ee schwaarz op wäiss erläutert, wéi déi modern Neurosciencen ausgerechent dat gutt aalt Auswennegléieren nei entdeckt hunn. Verben a Vokabelen drummen, d’Einmaleins widderhuelen, Gedichter opsoen – wat fir munche Pädagog eng reegelrecht Heresie duerstellt, ass an den Ae vun de Gehirfuerscher en äusserst produktiven Exercice.
Am Fong bestätegt d’Wëssenschaft hei just de gesonde Mënscheverstand. D’Gediechtnes ass ebe wéi e Muskel, dee reegelméisseg muss trainéiert ginn. A wat auswenneg geléiert a systematesch widderholl gëtt, prägt sech ganz einfach méi nohalteg an, wéi wann et just flüchteg géing iwwerflu ginn. Nëmmen esou kënne sech déi Automatismen entwéckelen, duerch déi mir duerno vill Zäit an Energie spueren.
Leider ass d’Entwécklung an de Schoulen a leschter Zäit an eng aner Richtung gaangen. Am Sproochenunterrecht sinn zum Beispill Exercicë wéi Diktater oder Iwwersetzungen, déi e präzisen Ëmgang mat der Sprooch viraussetzen, deelweis aus de Klassesäll verschwonnen. Ersat goufe se duerch eng Inflatioun vu Multiple-Choice-Froen a Lückentexter. Ob d’Qualitéit vum Unterrecht sech doduerch verbessert huet, däerf getrouscht bezweifelt ginn.
An de Sachfächer wéi Geschicht huet dat dogmatescht Verdäiwele vum Auswennegléieren zu absurde Konsequenze gefouert. Schüler, deenen et oft nach um néidegen abstrakte Vokabular feelt, méie sech of, fir komplex Sachverhalter an hiren eegene Wierder erëmzeginn – a produzéieren dobäi Texter, déi kee Kapp a kee Schwanz hunn. Méi éierlech wier et, hinne vun Ufank u kloerzemaachen, datt si sech eng Rei Begrëffer an Tournurë genau apräge mussen an datt eng eege Meenung e Muster ouni Wäert ass, wa se net op propper formuléierte Fakten an Argumenter baséiert. Sécher ass den éischte Schrëtt ëmmer deen, d’Inhalter ze verstoen. Mee wien eppes intellektuell novollzéie kann, huet et doduerch nach laang net dauerhaft memoriséiert.
Natierlech wëll dat alles net heeschen, datt mir elo erëm an eng reng reproduktiv Brachialpädagogik zeréckfale sollen. Interaktiv Methode wéi Gruppenaarbechten an Exposéen sinn duerchaus sënnvoll, well se de Schüler zu méi Selbstännegkeet an Eegeninitiativ erzéien. Trotzdem ännere se näischt un der Noutwendegkeet vun enger systematescher Memorisatioun. An dofir däerf och an der Schoul vum 21. Joerhonnert gären nach e bësse gebéchst ginn.