Säit dem Ausbroch vu Krich, Biergerkrich an Islamismus am Noen Osten an an Afrika, si vill Leit verfollegt a verjot ginn an hu versicht, Europa z'erreechen, fir sech an hir Familljen a Sécherheet ze bréngen an e neit Liewen unzefänken. Wéi d'Zuel vun dëse politesche Refugiéeën an d'Honnertdausenden an esouguer an d'Milliounen eropgoung, ass de Populismus − déi politesch Verkrampfung op nationalistesch Intressen an Intoleranz an Ofleenung no baussen − an deene verschiddenen europäesche Länner an d'Kraut geschoss.

AUDIO: Carte Blanche vum Emile Haag

Duerch Aarmut, Chômage, Onsécherheet an Terrorattacken an enger ganzer Rei Länner, hu rietsextremistesch Parteien Opwand kritt fir mat allen demagogesche Mëttel géint hir Regierungen, ob riets oder lénks, Campagne ze maachen, mat ëmmer erëm deene selwechte Sloganen géint d'Refugiéeën, géint Europa, géint den Islam: Domat sollten deene politesch net weider opgekläerte Masse wäisgemaach ginn, firwat et hinne schlecht geet a gläichzäiteg sollte si Angscht gemaach kréien fir hir Zukunft an déi vun hire Kanner. Dat ass Populismus pur, Volléksverhetzung an Demagogie, mat deem eenzegen Zweck un d'Muecht ze kommen an déi politesch Stabilitéit an deene betraffene Länner a Fro ze stellen − eng reell Gefor fir d'Demokratie an den Zesummenhalt vun der europäescher Unioun, déi mat vill Krämpes op d'Been bruecht gouf a vun deeër all Memberlänner profitéieren.

Vun dësem néfasten europäesche Virus sinn all europäesch Länner betraff, déi eng méi, déi aner manner. Besonnesch a Mëttel- an an Osteuropa feiert de Populismus Héichkonjunktur, ginn déi demokratesch Prinzipien ofgebaut, déi politesch Refugiéeën mat Stacheldrot emfaang a gläichzäiteg säfteg europäesch Subsiden akasséiert. Mam Cicero kann een zu Recht froen: Wéi laang nach solle mer eis legendär europäesch Gedold esou mëssbrauche loossen?

Den englesche Brexit an deen autoproklaméierte Genie am wäissen Haus sinn erschreckend Beispiller, wéi geféierlech an imprevisibel de Populismus an der westlecher Welt ka ginn. Déi Haaptschold heibäi huet den iwwerhieflechen parteipoliteschen Establishment, deen sech dauernd op sech selwer konzentréiert an déi legitim Erwaardungen an och d'Ängschte vu ville Bierger, Victimmen vum rasante Fortschrëtt an de globale Spekulatiounen vu rücksichtslose Finanzmagnaten, vernoléissegt oder carrément vergiess huet.

Glécklecherweis gëtt et an Europa nach eng Majoritéit vu Bierger, déi, trotz dem schwierege sozialen oder politeschen Ëmfeld, de gesonde Mënscheverstand an déi politesch Maturitéit hunn, fir de Populismus a seng Grenzen ze verweisen, sou wéi bei eise Noperen Frankräich an Holland. Besonnesch Unerkennung verdéngen eis südlech Partner, Griicheland an Italien, déi trotz grousse wirtschaftleche Schwieregkeeten nach ëmmer déi gréisste Laascht beim Accueil vun de Refugiéeën droen. Et muss ee verstoen, datt de Refugiésproblem, deen eis däitsch Noperen couragéiert ugepaakt hunn, den Haaptausléiser vum Populismus ass. De Populismus ass eigentlech eng Perversioun vun dem Demokratieverständnis an dem europäeschen Solidaritéitsgefill, en clair: zynesch Demagogie op Käschten vu Milliounen Onglécklechen, déi a Nout a Liewensgefor enger onsécherer Zukunft entgéint driften.