Weltkannerkriibsdag

Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, raumt de Virdag vum Weltkannerkriibsdag mat e puer Mythen op.
Haut op Vältesdag, denken ech eigentlech u muer, de Weltkannerkriibsdag. Ech denken un déi sëllech Sätz, déi ech an de leschte Joren héieren hunn, an esou guer nach ganz rezent op enger Konferenz hei zu Lëtzebuerg:
• "Kriibs bei Kanner ? Dat gëtt et jo net esou oft !"
• "Also wann haut e Kand Kriibs huet, da gëtt et jo geheelt mat all den neien Therapien, vun deenen ëmmer geschwat gëtt.“
• "Kriibs ass Kriibs - op bei Kanner oder bei Erwuessenen, et ass jo eigentlech dat Selwecht.“
Abee nee: et ass absolut guer net dat Selwecht!
Neen: net all Kanner gi geheelt vu Kriibs an nach eng kéier Neen: net all Kanner, déi hire Kriibs iwwerliewen, hunn no der Behandlung e ganz normaalt Liewen.
Awer jo: Kriibs bei Kanner ass glécklecherweis seelen a gëtt et net oft. Mee gleeft mer, wann et säin eegent Kand trëfft, dann ass et ganz egal, ob dëst eng seelen oder heefeg Krankheet ass, well do fält jidderengem de Plafong op de Kapp.
Wann ee bis weess, dat säi Kand Kriibs huet, denkt ee fir d’alleréischt un d‘Liewen an un den Doud an et hofft een, datt säi Kand iwwerlieft, dat d'Kand et packt.
Duerno, wann d‘Dokteren de Protokoll annoncéieren, hofft een, datt säi Kand déi bescht méiglech Medikamenter kritt: se sollen de Kriibs futtimaachen an de Rescht vum Kierper gesond loossen. Hei happert et schonn, well all Patienten hu fréier oder spéider Niewewierkungen.
• Éischtens déi kuerzzäiteg Niewewierkunge wei Gewiichtsverloscht, Iwwelzegkeet, Geschmaachsverännerungen, Hoerverloscht, Zännfleeschproblemer, ofgeschwächten Neel, Middegkeet, a.s.w., d’Lescht ass laang.
• Zweetens, d'laangzäiteg Niewewierkunge wei Häerzproblemer, Niereschwieregkeeten, motoresch Schwieregkeeten, Sterilitéit a bal systematesch neurologesch a psychologesch Folgen.
Tjo, wéi kann dat da sinn, dat ee vun all den neien Therapien héiert a bal all Dag erëm eppes vun enger phenomenaler Entdeckung vun engem Fuerscher liest ? Ma ganz einfach, dës Innovatioune si gréisstendeels nach net bei de Kanner ukommt. Hier Medikamenter sinn am Duerchschnëtt esou al wei meng Bomi.
Doduerch kann ee sech effektiv engersäits freeën, dat haut 80% vun de Kanner u Kriibs geheelt ginn, an anersäits bedaueren, dat fir dës Kanner d’Statistiken nëmme 5 Joer no der Kriibsbehandlung matrechnen, ouni d‘Niewewierkunge mat a Bezuch ze zéien.
Fazit: D’Fuerschung muss weidergedriwwe ginn an d’Pharmaindustrie muss méi an nei Medikamenter fir Kanner mat Kriibs investéieren. Zur gudder Lescht: all schwéier krankt Kand soll kënnen eng Chance op Heelung hunn."