Beim Dokter bor bezuelen an dann op de Remboursement vun der Gesondheetskeess waarden ass anachronistesch. Et gëtt Zäit, datt no dem Tiers payant social elo den Tiers payant généralisé kënnt, seet a senger Carte Blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

AUDIO: Carte Blanche vum Robert Urbé

Den nächste Méindeg soll an der Chamber d’Petitioun Nr. 922 verhandelt ginn, nodeems se 7'343 Ënnerschrëfte kritt hat. Déi Petitioun freet, datt een an Zukunft bei engem Dokteschbesuch net méi muss d’Geld fir d’Rechnung virstrecken, mä datt se direkt vun der Gesondheetskeess iwwerholl soll ginn. Säit 2013 gëtt et, no laangem Waarden, heizelands den Tiers payant social, dat heescht, datt opgrond vun enger Decisioun vum Office social bestëmmte Leit d’Sue fir hier Dokteschrechnungen net méi musse virstrecken. Eigentlech gëtt et nëmme gutt Argumenter fir eng Verallgemengerung: et wier administrativ méi einfach, et missten net Suen hin an hier iwwerwise ginn, beim Dokter si weder bor Suen nach eng Kreditkaart (déi net jiddereen huet) néideg, respektiv wann et en Dokter ass, dee seng Rechnung verschéckt, kéint en d’Bezuele vun de Rechnunge méi liicht kontrolléieren, well e just mat engem ze dinn huet, deen him d’Suen iwwerweist. Virun allem awer géif et deene Leit, fir déi et schwiereg ass d’Sue virzestrecken, de Gank op den Office social erspueren.

Wéi schonn deemools bei der Aféierung vum Tiers payant social, hunn och dës Kéier d’Dokteren iwwert hier Beruffsvertriedung d’AMMD séier reagéiert a si wiere sech géint di do Neierung. Si hunn an éischte Reaktiounen véier Argumenter dogéint avancéiert. Hiert éischt Argument war, datt dat administrativ ze komplizéiert wier. Da wier dat jo och de Fall, do wou den Tiers payant schonn existéiert! Neen: et ass administrativ méi einfach!

Den Dokteren hiert zweet Argument war, datt d’Gesondheetskeess mat Verspéidung géif bezuelen. Wann dat soll sou sinn, ginn et jo sécher Mëttel, fir dat ofzestellen; a virun allem, wann dat sou ass, dann ass et awer net ze verstoen, wisou d’Patienten éischter solle waarde kënne wéi d’Dokteren.

Kucke mer eis den Dokteren hiert drëtt Argument un: wann de Patient net méi weess, wat dem Dokter seng Leeschtung kascht, da feelt ëm de Respekt, d’Asiicht etc. Och dat wier jo dann och de Fall, do wou den Tiers payant schonn existéiert!

Als véiert Argument géint den Tiers payant gouf dann nach ugefouert, datt dat derzou géif féieren, datt ze vill onnéideg Dokteschleeschtungen ugefrot géifen. Ofgesinn dervun, datt et jo un den Doktere léich, onnéideg Ufroe vu Patienten net no ze ginn, huet een och dat nach net vun do héieren, wou et den Tiers payant scho gëtt.

An engem ufanks dëser Woch publizéierte Bréif un d’Patiente widderhëlt d’AMMD déi Argumenter net méi. Dat eenzegt, woumat si elo nach argumentéieren ass d’Angscht virun enger Entmëndegung vum Patient duerch eng Staatsmedezin, wou Politiker a Bürokraten, Fonctionnairen an Ekonomisten decidéieren. Dat well “wee bezilt, deen decidéiert”. Mee et ass och ouni Tiers payant d’Gesondheetskeess, déi bezilt!

Dëse System vum Tiers payant funktionéiert scho säit laange Jore bei eisen Noperen, e funktionéiert och bei eis wann et ëm Apdikten, Laboen oder Kinéë geet, dofir ass net liicht ze verstoen, firwat dat bei den Dokteschrechnungen net sollt klappen.

Et schwätzt eigentlech vill derfir an näischt dogéint, mä firwat wiere sech dann d’Dokteren sou dogéint? Fir mech ass dat net ze verstoen. Ech iwwerloossen et dofir den Nolauschterer, selwer hier Conclusiounen ze zéien.