Globalisatioun, Digitalisatioun an Robotisatioun veränneren d’Aarbechtswelt an d’Mënschen, deenen hir Liewenserwaardung permanent zouhëlt, änneren hirersäits villfach hir Wäertvirstellungen a Liewenspläng. Dëse Wandel bleift net ouni Auswierkungen op d’Wirtschafts- a Sozialsystemer, mengt a senger Carte Blanche den Economist Marc Muller.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Muller

Statt onbefristet Aarbechtskontrakter gëtt et a villen europäesche Länner a besonnesch fir Jonker ëmmer méi CDDen, dat heescht "contrats de travail à durée déterminée". Anstatt ni méi an d’Schoul nom Lycée heescht et "life-long-learning". Anstatt festen Aarbechtszäiten ass ëmmer méi Flexibilitéit gefrot. Anstatt all Moien op de Büro gëtt ëmmer méi dacks Téléaarbecht eng Alternativ. D’Entreprisë setzen hir Aarbechtskräften ëmmer méi flexibel a punktgenau an, an optimiséieren esou hir Aarbechtsprozesser, fir am weltwäite Wettbewerb ze bestoen an hiren Actionnairë méiglechst héich Dividenden ze garantéieren.

Op der anerer Säit ännere sech d’Uspréch vun de Salariéen. Statt no Auslandsasätz a coole Metropole froe jonk Universitären neierdéngs no "sabbaticals" an "congé parental". An d’Wënsch vun de verschiddene Generatiounen no "work-life-balance" oder "Fräiheet & Flexibilitéit" dréinen nees zeréck a Richtung "Sécherheet & Stabilitéit".

D’Symbios vu Robotisatioun an Digitalisatioun verännert d’Beruffsprofiller a léisst Aarbechtsplaze verschwannen an neier entstoen! Tendenziell erschafen zukünfteg manner, awer ëmmer besser qualifizéiert Aarbechtskräften an "Zesummenaarbecht" mat kënschtlecher Intelligenz a Roboteren ëmmer méi héich "valeurs ajoutées", déi Lëtzebuerg fir d’Ofsécherung vu sengem Wuelstand an eng nohalteg Croissance och brauch.

D’Verännerungen an der Kombinatioun vun "Aarbecht & Kapital" am Produktiounsprozess stellen eis Gesellschaft esou virun nei Erausfuerderungen, och, mä net nëmmen an der Bildungspolitik. An hei stinn d’Regierungen an der Verantwortung! Déi lëtzebuergesch an europäesch Wirtschaft a Gesellschaft brauch e modernt an harmoniséiert Steier-, Aarbechts- a Sozialrecht, dat engersäits den europäeschen Entreprisen d'Konkurrenzfäegkeet op de Weltmäert garantéiert an anersäits de Mënsche sécher, interessant a gutt bezuelten Aarbechtsplaze fir e liewenswäert Liewe bitt.

Déi 3. industriell Revolutioun an d’Industrie 4.0, mat der Robotisatioun an der "intelligence articifielle", déi "disruptiv" ons Technologien a Produktiounsprozesser op d’Kopp geheien, bidden awer grad och d’Chance, genausou innovativ, jo "disruptiv" d’Ziler an d’Zesummewierke vun de Produktiounsfacteure grondsätzlech ze iwwerdenken an dëst an en neien, nohaltegen a méiglechst weltwäit gültege Wirtschafts- a Sozialmodell ze integréieren.

Dofir brauch et staark, onofhängeg a visionär Politiker, Parteien an Institutiounen, déi d’Rudder fir en nohaltegt Zesummewierke vun "Aarbecht, Kapital an Natur" an d’Hand huelen! Déi zesumme mat de Patronatsverbänn an de Gewerkschaften am Stil vum "Lëtzebuerger Modell" (der Tripartite) d’Spillreegelen op fräie Mäert, besonnesch awer op den Aarbechts- a Finanzmäert, (nei) definéieren an duerchsetzen, zum Notze vun den 99% an dem Fortbestand vum "bloe Planéit" Äerd.

Bestëmmt stéing et och Lëtzebuerg - no Joerzéngte vun "secret bancaire" an innovative "Steier-Rulingen" engersäits a luewenswäerten Initiativen, wéi dem "Rifkin-Prozess" an dem "space-mining", anerersäits - gutt zu Gesicht, genausou "innovativ", jo "disruptiv" Iddie fir nohalteg Stéier-, Aarbechts- a Sozialmodeller ze entwéckelen.

Ganz nom Motto "Let’s make it happen", statt "let it be"!